Aarbechtszäitverkierzung: Hätten eis gewënscht, mat agebonnen ze ginn
E Méindeg de Moie goung et mam LCGB-President ëm Themen Industrie-Tripartite an Aarbechtszäitverkierzung an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D‘Cargolux muss elo Faarf bekennen. Wat geschitt ass a wat och geféierlech ass, ass d'Aart a Weis wéi de Management probéiert, d’Conciliatioun auszehiewelen. An op eemol kéint et da sinn, dass mer an engem anere Sozial-Modell wieren an dat wëlle mer net. Dat sot de Patrick Dury. Den LCGB-President war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet d’Virgoensweis vun der Cargolux kritiséiert. D’Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag bei der Entreprise komme jo net gutt virun. 15 Reunioune gouf et schonns, mat nach ëmmer kengem Resultat.
Eng legal Obligatioun fir de Plan de maintien dans l‘emploi
Zanter Jore sichen d‘Gewerkschaften alternativ Pisten zum Chômage. De Plan de maintien dans l‘emploi ass eng dovunner an dofir wënscht sech de Patrick Dury, dass dat endlech eng gesetzlech Obligatioun géing ginn, fir dass een net all Kéiers drop ugewise wier, duerch dat ganzt Land a bei d‘Ministeren ze pilgeren, fir d‘Betriber iwwerzeegt ze kréien, dat z‘entaméieren. Eng legal Obligatioun fir de Plan de maintien dans l‘emploi géif Villes am Fall, wou e Betrib an d‘Laberente geréit, méi einfach maachen.
No der Industrie-Tripartite d'lescht Woch wieren zwee Plans de maintien dans l‘emploi geschafft ginn. Eng Kéier mat Dupont Tejin Films an eng Kéier mat Husky Technologies an dat wier e gutt Resultat. Allerdéngs misst een och do kucken, dass dat duergeet. De Gewerkschaftspresident fäert, dass um Enn vun där Period vläicht awer nach Leit do stinn, vun engem gewëssen Alter, déi da schwéier ze vermëttele sinn. Et kéint net sinn, dass déi dann entlooss ginn. Déi Employéeë misst ee versichen, opzefänke mat Strukture wéi enger Cellule de reclassment, wéi ee se aus der Siderurgie oder der Luxair kennt, fir se an der Aarbecht ze halen a se net an de Chômage ze schécken.
Aarbechtszäitverkierzung: Mat de Sozialpartner schwätzen
Mir brauche keng Etüd fir iwwer Aarbechtszäitverkierzung ze schwätzen. Den LCGB wier all Dag domat amgaangen, nei Aarbechtsmodeller an de Betriber ze verhandelen an et géing haut bal kee Kollektivvertrag ginn, deen net iwwer iergendee Wee eng Aarbechtszäitverkierzung dran hätt. Et misst no Léisungen an den eenzele Betriber gesicht ginn, fuerdert de Gewerkschaftler. En Dënschdeg presentéiert den Aarbechtsminister Georges Engel seng Etüd iwwer d‘Aarbechtszäitverkierzung. Ech hätt mer gewënscht, dass d‘Sozialpartner, déi dat jo och solle mat ëmsetzen, dass déi vun Ufank un do mat agebonne gi wieren, kritiséiert den Patrick Dury. Am Kader vum Lëtzebuerger Sozialmodell misst een esou Froen zu Drëtt, mat de Sozialpartner, ugoen, sou den Invité.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.