Invité vun der Redaktioun (3. Abrëll)Paul Hammelmann iwwer d'Sécherheet op de Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Méindeg géint 10 op 8 war de President vun der Sécurité Routière, Paul Hammelmann.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Paul Hammelmann (3. Abrëll)
Invité vun der Redaktioun e Méindeg géint 10 op 8 war de President vun der Sécurité Routière, Paul Hammelmann.

Null Doudeger op onse Stroossen, musst d'Ziel bleiwen! Dat huet de President vun der Sécurité Routiere, Paul Hammelmann, e Méinden de Moien am RTL-Interview ënnerstrach.

D'automatesch Radaren hätte fir en Ëmdenke bei villen Automobilisten gesuergt, sou den Invité vun der Redaktioun.
D'Sanktioune fir Verkéiersdelikter missten och net onbedéngt verschäerft ginn, ma, et wier awer e Gesetz an der Maach, wat Prisongsstrofe fir ganz schlëmm Verkéiersrowdye virgesäit.

De Paul Hammelmann begréisst, datt Autoen a Stroosse méi sécher gemaach ginn. Ma, d'Sécurité Routière viséiert awer an der Haaptsaach d'Chaufferen also de Mënsch. An do misst een nach verstäerkt bei deene Jonken, déi grad de Führerschäin gemaacht hunn, sensibiliséieren, sou nach de President vun der Securité Routière.

Invité vun der Redaktioun e Méindeg géint 10 op 8 war de President vun der Sécurité Routière, Paul Hammelmann.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO