Méi onofhängeg vu Russland ginnPaul Wurth huet wéinst Krich missen ëmdisponéieren

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
Den Industriegrupp Paul Wurth huet zejoert eng 640 Milliounen Euro Ëmsaz mat neie Commandë gemaach.
Paul Wurth huet wéinst Krich missen ëmdisponéieren
Den Industriegrupp Paul Wurth huet zejoert eng 640 Milliounen Euro Ëmsaz mat neie Commandë gemaach.

Et wier een erliichtert, datt et nees ugezunn huet, nodeems d’Commanden 2020 wéinst Covid op 400 Milliounen Euro erofgaange waren, erkläert de Georges Rassel Chef vu Paul Wurth S.A.. Elo läit ee bei der héchster Unzuel un neie Commanden an de leschten 10 Joer.

Paul Wurth Bilan / Rep. Diana Hoffmann

40 Prozent vun de grousse Commandë koumen awer aus Russland a waren am Beräich vum Bau vun Héichiewen. 2019 ware just 5 Prozent vun de Commanden aus Russland. D’Freed iwwert d’Geschäft war also just vu kuerzer Dauer. Wéinst der Invasioun vun der Ukrain duerch Russland huet Paul Wurth seng Geschäfter mat Russland agestallt. Dëst wier zäitgläich mat de Sanktiounen op internationalem Niveau decidéiert ginn. Och am Büro zu Mariupol goufen d’Aktivitéiten agestallt, vun de 5 Mataarbechter goufen 3 Fraen op Lëtzebuerg evakuéiert. Kuerzfristeg wier et awer souwäit gelongen den Ausfall vun den Aktivitéiten duerch anerer ze ersetzen, ënnersträicht de Georges Rassel. D’Projete wiere schliisslech eréischt an der Planifikatioun gewiescht.

Duerch de Krich an der Ukrain géing et elo eng Dynamik ginn, fir op Gas ze verzichten, an op Waasserstoff zréckzegräifen, fir ëmmer méi onofhängeg vum russeschem Gas ze ginn, sou de Georges Rassel. Paul Wurth géing eng Virreiderroll anhuelen, fir Gas duerch Waasserstoff ze ersetzen a fir d’Héichiewen esou ze ekipéieren, datt manner CO2 produzéiert gëtt. D’Technologie fir eng Dekarboniséierung vun der Stolindustrie géing och weider virugedriwwen. Wëssend, datt d’Stolindustrie fir 7 bis 8 Prozent vun den CO2-Emissioune weltwäit responsabel ass.

De Waasserstoff ergëtt dann och nei Méiglechkeete fir Paul Wurth am Beräich vun syntheteschem Kerosin an der Aviatioun. Fir 2030 gesäit de Legislateur nämlech vir, datt 0,7 Prozent vun dësem sougenannten E-Keroseng muss sinn. Bis dohinner schätzt Paul Wurth kënnen 0,4 Milliounen Tonnen dovunner ze produzéieren.

Paul Wurth kritt doriwwer eraus och en neien Haaptsëtz. 150 Joer war deen zu Hollerech, wou en och wäert bleiwen. Just eben e puer 100 Meter weider. “Nei Hollerech” heescht de Gesamtprojet. Geplangt gouf dëse vu Metaform Architects. De Shahram Agaajani vu Metaform Architects erkläert, datt een déi 2 klasséiert Gebaier um Site erhält, an ëm dës e Campus kreéiert. Eebe mam neien Haaptsëtz. De Site soll awer an de Quartier souzesoen agebett ginn, an och vun de Leit genotzt kënne ginn.

De Grupp Paul Wurth SA beschäftegt mat sengen Duechterfirme CTI Systems Sarl a Geprolux SA 650 Leit hei am Land. Zejoert huet de Lëtzebuerger Staat seng Undeeler vun der Entreprise un déi däitsch SMS Group verkaaft. Domat ass dës eenzege Proprietär ginn.

Back to Top
CIM LOGO