
Dat sot d'Paulette Lenert den Dënschdeg de Mëtten an der Chamber. D'Santésministesch huet op eng dréngend parlamentaresch Fro vun der CSV geäntwert.
Wat de Choix vum Booster-Vaccin ugeet, hätt de Conseil supérieur fir déi ustiechend Krankheete virginn, datt en mRNA-Impfstoff soll geholl ginn. Et géing een dobäi virun allem op de Produit vu Moderna zréckgräifen, well d'Resultater hei am Beschte wieren.
Mat engem Stock vun 10.000 Dosissen Johnson&Johnson a 50.000 allkéiers vu Moderna a Biontech wier ee kuerzfristeg gutt opgestallt, esou d'Ministesch.