Medezinesche CannabisPaulette Lenert plangt Ubau zu Lëtzebuerg

Fanny Kinsch
De Gesondheetsministère plangt e gesetzleche Kader ze schafen, fir medezinesche Cannabis am Grand-Duché unzebauen.
© AFP/File/Raul ARBOLEDA

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass den Ament op Visitt a Portugal, fir sech e Bild vun der Dekriminaliséierung an der Drogepolitik ze maachen, awer och vun der Produktioun vum medezinesche Cannabis am südeuropäesche Land. De Gesondheetsministère plangt nämlech, e gesetzleche Kader ze schafen, fir medezinesche Cannabis och zu Lëtzebuerg unzebauen, wéi d’Ministesch e Sonndeg den Owend zu Lissabon annoncéiert huet. An dat soll elo séier ëmgesat ginn, esou d’Paulette Lenert. Bis September dëst Joer géing eng juristesch Analys fäerdeg gestallt ginn, wéi een den Ubau vum medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg ëmsetze kann.

“Vill Länner, déi am net-medezineschen ënnerwee sinn, hunn déi do Approche geholl, déi mécht och Sënn, well wann ee bis alles en place huet, fir konform ze sinn, wat d’Qualitéitsgarantie betrëfft, wat d’Sécherheetsmoossname si fir medezinesche Cannabis, dann ass dat méi en einfache Schrëtt an enger nächster Phas, an dat wier dann déi 3. Phas, fir dann dat selwecht, also Produktioun national ulafen ze loosse fir net-medezinesch Zwecker.”

An de leschten 2 Joer goufen et zum Deel Enkpäss bei der Liwwerung vum medezinesche Cannabis an et war schwiereg, fir Fournisseuren ze fannen, wat duerch den Ubau zu Lëtzebuerg soll evitéiert ginn.

Ubau vu medezineschem Cannabis / Rep. Fanny Kinsch

Als éischte Schrëtt a Richtung Legaliséierung vum rekreative Cannabis wëll d’Regierung de Konsum doheem an de privaten Ubau vu bis zu 4 Planzen erlaben, dee Projet huet d’Justizministesch Sam Tanson viru Kuerzem virgestallt. An deem Zesummenhang wier een och amgaangen, mam Landwirtschaftsministère un enger Reglementatioun fir de Cannabis-Som ze schaffen, esou d’Paulette Lenert, fir esou gewësse Qualitéitsstandarde kënnen ze garantéieren.
Nieft enger Plantatioun vu medezineschem Cannabis besicht d’Ministesch och en niddreg-schwellege Substitutiounsprogramm, bei deem Drogenofhängeger Methadon kënne kréien, an en Drogekonsumraum. Portugal hätt gutt Erfarunge mat der Dekriminaliséierung gemaach, awer och well parallel e Kader opgebaut gouf, fir déi Drogenofhängeg opzefänken, an dat wéilt een och zu Lëtzebuerg maachen.

“Mir wëllen den Drogesüchtegen als Patient unerkennen, e soll net als Kriminelle gëllen, mee als Patient mat enger grousser Problematik.”

Dowéinst wéilt een och méi op de Prinzip vum “Housing First” setzen, dat heescht, datt déi betraffe Persoune séier an onkomplizéiert eng Wunneng zur Verfügung gestallt kréien. Hei wier een amgaange mat der Croix-Rouge un engem neie Projet ze schaffen, deen nach dëst Joer misst kënnen ëmgesat ginn, esou d’Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO