
Zanter dem 01. Januar ass de Pechert net méi just ee Pechert. Déi offiziell Bezeechnung ass souwisou “Agent municipal”, ma déi meeschte Leit verbannen d’Beamten nun eemol an éischter Linn mat de Protokollen, déi Falschparker ënnert de Wischer gepecht kréien. Duerch d’Gesetz iwwert kommunal Verwaltungssanktiounen an d’Auswäitung vun der Zoustännegkeet vun de Gemengebeamte vum 27. Juli 2022 gouf den Aufgabeberäich vun den Agents municipaux allerdéngs ee gudde Krack méi breet definéiert. A Kraaft getrueden ass den Text Ufank dës Jores. Elo ass et un deenen eenzele Gemengen ze decidéieren, ob a wa jo wéi eng vun deene 17 am Gesetz definéierten Infraktiounen, déi mat enger Sanction administrative communale (SAC), enger Zorte Avertissement taxé, bestrooft kënne ginn, si an hir Policereglementer ophuelen.
D’Stad mat 89 Pecherten op der éischter Plaz
Et ass et de Gemengen och fräigestallt ze decidéieren, ob si Agents municipauxe astelle wëllen oder net. Aktuellen Zuele vun der Association des Agents Municipaux (ASAM) no gëtt et zu Lëtzebuerg 227 Pecherten, déi sech op 45 vun den 102 Gemenge verdeelen. Mat 89 Agents municipauxe läit wéineg iwwerraschend d’Stad Lëtzebuerg (ronn 133.000 Awunner) op Plaz eent, virun Esch (ronn 37.000 Awunner) mat 35 Pecherten, Déifferdeng (ronn 29.500 Awunner) mat 14 Pecherten an Diddeleng (ronn 22.000 Awunner) mat 12 Pecherten. Péiteng (ronn 20.500 Awunner) gëtt sech mat 5 Pecherten zefridden, Ettelbréck (knapp 10.000 Awunner) an Dikrech (ronn 7.500 Awunner) hu jee 4 Pecherten. Firwat Gemenge sech fir Agents municipauxen entscheeden, ass dem Steve Hatto, President vun der ASAM, no op ganz ënnerschiddlech Grënn zeréckzeféieren. Verschidde Gemenge géingen op d’Pecherten zeréckgräifen, well se Problemer mat der Situatioun ronderëm d’Parken hunn oder ee Stationement residentiell aféieren, anerer well se Problemer mat Vandalismus oder Littering hunn. Wéi eng Problemer eng Gemeng huet, géing stark vun der demografescher Situatioun an der geographescher Lag ofhänken.

D’Pecherte si Gemengefonctionnairen, déi hir Staats- respektiv Gemengenexame musse maachen. Doriwwer eraus absolvéiere se spezifesch Formatiounen an deene verschiddene Beräicher wéi Preventioun an de Gemengereglementer. Mat deem aktuelle Gesetzestext weist ee sech bei der ASAM zefridden, et wier “sécherlech ee Schrëtt an déi richteg Richtung”, och wann e vill ze laang op sech waarde gelooss hätt. Fir de Steve Hatto ass d’Preventioun dee wichtegste Volet vun der Reform, fir deen et am Fong net vill textuell geännert misst ginn. Nieft dem Kontrolléiere vun de Reegele vum Code de la route an dem Sanctionéiere vun de bis zu 17 Infraktiounen, dorënner beispillsweis Kaméidi oder wann een den Dreck vum Hond net wech mécht, huet de Pechert mat där néideger Formatioun och elo och d’Méiglechkeet, bei deene klassesche penalen Infraktiounen aus de Policereglementer aktiv ka ginn. D’Strofen, déi Pecherten ausschwätze kënnen, leien tëscht 25 an 250 Euro.
Strofe vu bis zu 520 Euro méiglech, wann een net kooperéiert
De Steve Hatto ënnersträicht iwwerdeems, datt ee fir eng Infraktioun just eng Kéier bestrooft ka ginn, also net vun engem Pechert an och nach vun engem Polizist. Wann een awer beim Constat vun enger Infraktioun net mam Pechert kooperéiert an d’Police geruff muss ginn, riskéiert een eng zousätzlech Strof. Am Kader vun den SAC (25€) muss ee sech ausweisen. Wann een dat net mécht an d’Police komme muss fir d’Personalien opzehuelen, riskéiert een eng zweet Strof vun 25 bis 250 Euro. Wann een zousätzlech dozou déi 25 Euro net bezuelt, kann ee fir déi initial Infraktioun mat bis zu 270 Euro bestrooft ginn. Et handelt sech also ëm zwee separat Verstéiss an et sinn och zwou verschidde Prozeduren. Ënnert dem Stréch kann et also bis zu 520 Euro deier ginn, wann een et drop uleet.
Wärend bei der Police Bodycams an den Asaz komme sollen, ass dat bei de Pecherten aktuell keen Thema an d’ASAM och net Demandeur. “Et ass ganz kloer esou, datt all déi Saachen, déi prinzipiell riskéieren ze eskaléieren, alles wat an de Milieu vun den Drogen, vun der Gewalt a sou weider gehéiert, exklusiv Policeaarbecht ass.” Och wann ee mam aktuelle Gesetz am Prinzip zefridden ass, hätt ee sech a gewësse Beräicher méi Kompetenze gewënscht. Beispillsweis bei den Hënn, wou d’Pecherten net d’Pabeiere kontrolléieren dierfen, obwuel d’Donnéeën op der Gemeng hannerluecht sinn.

Mat Bléck op de Summer ass et dann nach den Denkustouss vum Steve Hatto, datt den Asaz vu Pecherten deelweis eng Léisung fir d’Situatioun ronderëm de Stauséi kéint sinn. An de leschten zwee Joer hate Visiteure jo deels massiv Dreck ronderëm de Stau hannerlooss. Aktuell huet vun deene fënnef Gemengen, déi un de Stauséi grenzen (Bauschelt, Esch/Sauer, d’Stauséigemeng, Wanseler a Wolz) just Wolz een Agent municipale. Den Naturpark Uewersauer huet zwar ee Ranger am Asaz, deen d’Leit op méiglecht Feelverhalen hiweist, sanktionéiere kann en se awer, am Géigesaz zu de Pecherten, net. Et gëtt och d’Méiglechkeet, datt Gemenge sech Pecherten deelen, op verschiddene Plazen am Grand-Duché ass dat schonn de Fall.
Eng Iwwersiicht iwwert d’Opdeelung vun de Pecherte queesch uechter d’Land (d’Zuel vun de Pecherte pro Gemeng ass eng Schätzung, well d’Agenten deelweis an anere Servicer schaffen an eng ganz aner Aarbecht maachen, virun allem an der Stad Lëtzebuerg):