Politesch Prioritéite vum SyvicolPensiounssystem muss op de Leescht geholl ginn

Diana Hoffmann
De politesche Wonschkatalog vum neie Comité vum Gemengesyndikat Syvicol bleift dee selwechten.
© AFP

Virun allem misst de Pensiounssystem vun de Gemengebeamten op de Leescht geholl ginn.
“Déi politesch Prioritéite bleiwen déi selwecht. D’Problemer sinn och ëmmer nach déi selwecht”, sot den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, fir dëse Punkt vum Ordre du Jour ze resuméieren. Hei wier ee sech eens.

Politesch Prioritéite vum Syvicol / Reportage vum Diana Hoffmann

De Pensiounssystem vun de Fonctionairen an den Employéen an de Gemenge mécht Suergen. Et wier e strukturelle Problem, well d’Zuel vun den aktive Fonctionnaire géing stabel bleiwen. Déi vun deenen, déi an d’Pensioun ginn oder dra sinn awer méi grouss gëtt. “D’Gemengen hu mussen dat Lach, wat sech schonn zanter 2011 ugedeit huet, finanzéieren”, ënnersträicht den Emile Eicher. Een Deel kënnt direkt an een indirekt iwwer de Fond de Dotation global. An der Vergaangenheet wier ee bei 35 Prozent vun der Contributioun aus de Brutto-Paie gewiescht. Elo wier ee bei 48,29.

Doriwwer eraus wéilt de Syvicol nach ëmmer am Verwaltungsrot vun der Pensiounskeess vun de Fonctionnairen an den Employés communaux vertruede kënne sinn.

Gemengefinanzéierung

Och d’Gemengefinanzéierung misst onbedéngt ënnert d’Lupp geholl ginn. “Et ginn eng Partie Gemengen, déi mer soten, dass se ganz vill Schwieregkeeten hunn, grouss Investitiounen ze maachen”, sou den Emile Eicher. Eng aner Fro wier nach, wéi d’Gemengesubventioune solle gehandhaabt ginn. Hei wier de Plaffong iwwer Joren net adaptéiert ginn.

Déi entspriechend Subventioune missten zum Beispill un de Bauindex ugepasst ginn. An och eng Prefinanzéierung misst accordéiert ginn, well d’Zënsen an d’Luucht gaange sinn. Do, wou gebaut gëtt, missten dofir au fur et à mesure Subventiounen ausbezuelt ginn. Hie verweist op e System beim Sportsministère, dee géing super funktionéieren, deen een och gäre fir d’Gemengen hätt.

Méi Sécherheeten a Méiglechkeeten

Net nei, awer och ëmmer nach bei de politesche Prioritéiten dobäi ass d’Fuerderung no enger Upassung vum Statut fir Leit, déi sech an der Gemengepolitik engagéieren (Statut de l’élu local). Zum Beispill, dass een, aus dem Privatsecteur, deen an der Politik schafft, eng Ofsécherung kritt, fir zréck an de Beruff kënne ze goen.

Well och an de Gemenge spezialiséiert Personal géing feelen, géing ee sech d’Fro stellen, ob een net kéint mam Institut national d’administration publique (INAP) driwwer diskutéieren, fir e Cycle de Formation anzeféieren. Eng Diskussioun, déi misst mat de Gewerkschaften an dem Staat zesumme gefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO