
Op der A7 war e Sonndegnomëtteg en Auto, deen a Schlaangelinne gefuer ass, an op der Héicht vu Miersch vun de Beamte gestoppt ginn.
E Sonndegowend huet d’Police dunn enger alkoholiséiert Automobilistin de Permis missen ofhuelen, déi vu Bruch a Richtung Recken ënnerwee war.
An der Nuecht op e Méindeg géint 2.20 Auer gouf dann och e Chauffer ugehalen, deen ze séier vu Mäertert a Richtung Gréiwemaacher ënnerwee war. Nieft engem Alkoholtest war hei och en Drogentest positiv ausgefall.