HaffPersonell Remaniementer an der Kommunikatioun

Roy Grotz
D'Kommunikatiounsdirektesch Monique Feidt verléisst den Haff an de Kommunikatiounsberoder Alain Rousseau verlängert säi Kontrakt och net.

RTL-Informatiounen no verléisst d'Directrice de la Communication Monique Feidt den Haff, dëst nodeem den internationale Forum "Stand Speak Rise Up" eriwwer ass. Deen ass jo Enn Mäerz a gëtt vun der Grande-Duchesse Maria Teresa organiséiert.

Wéi d'Monique Feidt RTL géintiwwer confirméiert huet, hätt si ewell virun enger Zäit d'Decisioun geholl, hir Aarbecht bei der Cour Grand-Ducale opzeginn. Si wéilt eegenen Aussoen no "méi lues trëppelen".

Weidere Changement am selwechten Domaine beim Haff: Den Alain Rousseau, dee mat senger Consultance-Firma Tismo fir den Haff geschafft huet, verlängert säi Kontrakt "op eegene Wonsch" net weider, fir sech och op aner Clienten ze konzentréieren.

Op eenzelen Dossieren géif awer weider mam Haff zesummegeschafft ginn.

No nëmmen engem Joer ass iwwerdeems och de Poste vum Direkter vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse nees vakant: De Mike van Kauvenbergh huet RTL-Sourcen no nämlech vun dësem Posten demissionéiert, deen hie vum Guy Schmit iwwerholl hat, dee sengersäits och nëmmen ee Joer Direkter vun der Fondatioun war.

De Mike van Kauvenbergh, deen ënnert anerem och fir d'CFL geschafft hat, huet RTL géintiwwer säin Depart bei der Fondatioun confirméiert; wéi et heescht, wier d'Aarbecht bei der Fondatioun net méi zäitlech mat senger Charge bei der Consulting-Firma Deveco kompatibel.

Och de Mike van Kauvenbergh bleift bis Enn vum Mount - bis nom Forum also - op sengem Posten.

Back to Top
CIM LOGO