
D’Dot ass net wäit vum Lift bei der Place de la Gare an der Stad geschitt. Den Täter ass dono fortgelaf. Am Laf vum Owend konnt awer eng verdächteg Persoun ermëttelt ginn. De Virfall gouf protokolléiert.
Géint 18 Auer da gouf e Mann zu Déifferdeng vun e puer Persounen attackéiert. Dobäi goufen him e puer Géigestänn geklaut. Och hei konnten déi Verdächteg relativ séier ermëttelt ginn an och hei gouf protokolléiert.
Um kuerz no 17.30 Auer war et nach en Accident an der Rue des Remparts zu Esch. En Auto huet sech hei iwwerschloen an 3 anerer Gefierer beschiedegt. D’Persoun déi gefuer ass, koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
D’Police huet dann e Méindeg den Owend géint 20 Auer e Automobilist gestoppt, deen zu Munneref laanscht eng Schlaang vun Autoe wollt fueren, dee wéinst engem Accident verursaacht gi war. D’Police huet de Mann ugehalen a festgestallt, dass hien Droge konsuméiert huet. Den Drogentest war positiv, 2 Jointe goufe saiséiert.
Zu Wilwerdang gouf um Enn géint 22.40 Auer nach e Chauffer ermëttelt, deen alkoholiséiert hannert dem Steier souz. Hie krut de Permis ofgeholl an e Protokoll amplaz.