Camion géint AutoPersoun gouf tëscht 2 Gefierer ageklemmt

David Winter
Wéi e Wonner koum d'Affer mat nëmme liichte Blessuren dovunner. Geschitt ass dat Ganzt zu Diddeleng.
© RTL Archiv

Géint 11 Auer koum et e Méindeg de Moien zu engem Accident an der route de Volmerange zu Diddeleng. Op der genannter Plaz waren beim Trottoir en Auto an e Camion stationéiert, de Chauffeur vum Camion war am gaangen d'Charge aus dem Gefier ze lueden. Wéi de Chauffeur vum Auto dunn bei d'Mall vu sengem Auto gaangen ass, ass de Camion un d'Rulle geroden an huet sech a Richtung Auto gemaach.

Dobäi gouf d'Affer tëscht den 2 Gefierer ageklemmt, iert en dunn wéineg spéider ënnert säin Auto gerutscht ass. Well de Camion den Auto e puer Meter wäit virun sech hir gedréckt gouf, gouf de Chauffeur deen drënner louch matgeschleeft.

D'Affer, dat, esou d'Police, éischten Erkenntnisser just liicht blesséiert gouf, gouf nach op der Platz vun de Rettungsdéngschter behandelt a koum dono an d'Spidol. Well gepréift muss ginn, op de Camion technesch Problemer hat, ass d'Gefier op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO