Accident bei KonsdrefPersoun schwéier blesséiert, Rettungshelikopter op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht krute sech am Mëllerdall zwee Autoen ze paken. Weider 3 Persoune goufe méi liicht blesséiert.
© CIS-Larochette

E schwéier Blesséierten gouf et e Sonndeg de Mëtte bei engem Verkéiersaccident zu Konsdref.

Zwee Autoen sinn op der Kräizung Konsdref-Creschtnech, beim Pont de Breidweiler am Mëllerdall aneneegerannt.

Eng Persoun gouf hei ageklemmt a schwéier blesséiert. Weider 3 Persoune goufe liicht blesséiert, esou de CIS Larochette.

Méi Informatioune gëtt et zu dësem Zäitpunkt nach net.

Op der Plaz waren den Sauvetage an Ambulanz Fiels, Ambulanz Iechternach an Mäertert, den Helikopter mam Samu vun Ettelbréck, Pompjeeë vun Konsdref an den Chef de Peloton vum Déngscht.

Back to Top
CIM LOGO