CGDISPersoun tëscht Contern an Izeg a Kand zu Zolwer ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Zwee Mol waren d'Rettungsdéngschter am Asaz, well eng Persoun vun engem Auto ugestouss gouf.
© RTL Archivbild

Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg de Moie géint 7.30 Auer zu engem Accident um CR226. Eng Persoun gouf do ugestouss a verwonnt. D’Rettungsekippe vu Mutfert waren am Asaz.

Eng ganz änlech Zeen gouf et dann zu Zolwer, wéi kuerz no Mëtteg e Kand ugestouss gouf. Hei waren nieft de lokale Rettungsdéngschter och den Escher Samu am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO