Place de la GarePersoun vun e puer Täter an der Stad zesummegeschloen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 4 Auer an der Nuecht gouf d'Affer vun e puer Onbekannten ugegraff a blesséiert. D'Täter sinn doropshi geflücht.

D'Secouristen hunn op der Plaz éischt Hëllef geleescht, éier d'Affer an d'Spidol bruecht gouf. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet. No Mëtternuecht goufen der Police weider Ausenanersetzungen an der Stad gemellt. Dat an der Avenue de la Gare an an der Stroossbuerger Strooss.

Am Laf vum Samschdeg ass uechter d'Land op ville Plazen agebrach ginn. Zu Nidderfeelen, Bierg, Schuller, Mutfert, Wolwen a Bauschelt goufen ënnert anerem Bijouen, Aueren, Computeren/Tablets a Boergeld matgoe gelooss. Um Lampertsbierg hunn Onéierlecher Vëloe geklaut.

Wéi schonn e Freideg den Owend hunn d'Beamte vun der Police och e Samschdegowend misse wéinst ze vill Kaméidi intervenéieren. 40 där Asätz goufen et tëscht 22.30 a 6 Auer. An de meeschte Fäll war nees d'Musek a Lokaler oder op private Partyen ze haart oder d'Leit hu vill Kaméidi op de Stroosse gemaach.

Back to Top
CIM LOGO