"Zesumme fir Leideleng"Petitioun fir e Referendum fir de Wiessel an de Walbezierk Zentrum

Claudia Kollwelter
Kënnt et awer zu engem Referendum an der Gemeng Leideleng? Déi Fro stëllt sech op en neits, nodeems iwwer 400 Ënnerschrëfte gesammelt goufen.

Dem Lou Linster vum Gruppement "Zesumme fir Leideleng" no sinn et genee 464 Ënnerschrëften. Nach muss awer iwwerpréift ginn, ob déi Leit all op der Wielerlëscht fir d'Gemengewale sinn. Fir de Lou Linster steet awer fest, datt de Besoin bei de Leit grouss ass, hir Meenung kënnen ze soen.

01/03/2019 Band Petitioun Leideleng 18h30 -kollwelter

"Déi meescht Leit, déi ënnerschriwwen hunn, si fir de Wiessel vum Süden an den Zentrum. Et sinn och eng Partie Leit, déi kloer gesot hunn, se géife mat "Nee" stëmmen, mee se wéilten awer, dat et zu engem Referendum kéim an hunn eis dofir eng Ënnerschrëft ginn."

En Donneschdeg den Owend hat d'Gruppéierung Rendezvous op der Gemeng, fir d'Ënnerschrëften ze deposéieren. Fréistens 1 Mount a spéitstens 3 Méint nom Depot vun den Ënnerschrëfte misst de Referendum dem Gesetz no organiséiert ginn. D'Iddi ass, datt de Referendum de 26. Mee zäitgläich mat den Europawale wier. Aus organisatoresche Grënn an och, fir datt de Wieler sech just emol muss an de Walbüro deplacéieren.

"Elo huet et awer geheescht, datt déi 3 Méint relativ enk wieren, well d'Wielerlëschte misste clôturéiert ginn, well et d'Méiglechkeet misst ginn, fir d'Bréifwal unzefroen. D'Ziedele musse gedréckt ginn a sou weider. Sou datt et riskéiert, enk ze ginn. Et hänkt och dovun of, wéi laang d'Gemeng brauch, fir d'Lëschten ze préiwen. An da muss de Gemengerot zesumme geruff ginn, fir dat ze approuvéieren."

Vu Säite vun der Buergermeeschtesch vu Leideleng Diane Feipel war et um Freideg net méiglech, eng Reaktioun heirop ze kréien. D'Gemeng huet op déi nächst Woch verwisen. 
Süden oder Zentrum? Déi Fro gouf och wärend de Gemengewalen 2017 zu Koplescht gestallt, wou sech deemools 63% fir e Wiessel vum Bezierk ausgeschwat haten. Bis haut hat dee Referendum allerdéngs keen Impakt.

Back to Top
CIM LOGO