
Dat fënnt e Petitionär, dee geschwënn d’Geleeënheet wäert kréien, seng Doleancen an der Chamber duerzeleeën.
D’Petitioun 2967 krut nämlech mëttlerweil scho méi wéi 5.000 Ënnerschrëfte beieneen, sou dass, nodeems d’Signaturen an zwou Woche validéiert ginn, en Datum fir en ëffentlechen Debat wäert fixéiert ginn.
Déi nächst ëffentlech Petitiounsdebaten an der Chamber si mëttwochs, den 28. Februar. Eng Kéier geet et ëm eng Enquêtëkommissioun fir d’Corona-Kris hei am Land opzeschaffen. Dono gëtt sech mat der Fuerderung beschäftegt, datt Lëtzebuerg soll aus der WHO austrieden.