Via GemengenPetitioun fir Referendum iwwert Verfassung ass offiziell lancéiert

Diana Hoffmann
25.000 Ënnerschrëfte sinn néideg. Ënnerschreiwe kann ee bei sech op der Gemeng.
© RTL Archiv

E Freideg war den éischten Dag, wou d'Bierger kënnen hir Ënnerschrëft an der Gemeng ofginn, wa si dofir sinn, datt et zu engem Referendum kënnt, fir iwwert d'Reform vum Kapitel "Justiz" an der Verfassung ofzestëmmen. Et kann een awer soen, datt et um 1. Dag wuel éischter lues ugelaf ass.

Wie soll dann elo op d'Gemeng goen, an déi Petitioun ënnerschreiwen?

Extrait 1

Jiddereen, deen dofir ass, datt soll en Referendum organiséiert ginn. An deem géing da gefrot ginn, ob soll eng Revisioun vum "Justiz"-Kapitel VI vun der Verfassung gemaach ginn. Ween näischt mécht, ass entweder géint e Referendum zu der Verfassungsreform oder et ass ëm einfach egal. Genau ee Mount huet een, Zäit fir eng Decisioun ze huelen.

Wat soll dann iwwerhaapt am Kapitel Justiz geännert ginn?

Extrait 2

Dat ass schonn eng komplizéiert Fro, ma kuerz gesot: Een zentrale Punkt ass, datt soll en nationale Justizrot an der Verfassung verankert ginn. Dëse soll iwwert de Justizapparat an d'Onofhängegkeet vun der Justiz waachen. Doduerch géing dann och de Pouvoir vum Justizministère ageschränkt ginn.

Wat sinn dann heifir d'Konditiounen, fir ënnerschreiwen ze goen?

Extrait 3

A Fro kënnt een, wann een op der Wielerlëscht fir Chamberwalen ageschriwwen ass. Also iwwer 18 Joer, Resident an der Gemeng a säi Walrecht net oferkannt kritt hunn. An da muss een och nach eng Carte d'Identité oder e Pass dobäi hunn, fir sech auszeweisen. Enger anerer Persoun eng Procuratioun ginn, geet awer an dësem Fall net, genausou wéineg ass eng Bréifwal méiglech. Dat heescht, Studenten, déi am Ausland liewen, kënnen net mat decidéieren, wann se sech net op Lëtzebuerg deplacéieren. Kann een duerch e physeschen Handicap awer net ënnerschreiwen, däerf een sech vun enger Persoun begleede loossen.

A wéi engem Fall kënnt et dann tatsächlech zu engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel?

Extrait 4

An engem éischte Vott hat d'Chamber den 20. Oktober d’Revisioun vun der Verfassung schonn ugeholl. Wann elo 25.000 ageschriwwe Bierger en Referendum amplaz vun engem zweete Vott an der Chamber froen, da wäert et dozou kommen.

Mä 25.000 Stëmmen ass schonn enorm. Bei der Petitioun, déi e Referendum fir d'Verfassungsreform gefrot huet, sinn 18.579 Stëmmen zesummekomm. Bei dësem waren awer nach méi Bierger eligibel, fir matzemaachen, an d'Leit hu sech net mussen extra an d'Gemengen deplacéieren, mee konnten och online ofstëmmen.

Et kéint och schwéier ginn, mat den Ëffnungszäiten a verschiddene Gemengen

Extrait 5

An dësem Fall mussen d'Gemenge jo och Samschdes opmaachen, fir datt d'Leit d'Méiglechkeet hunn, ze ënnerschreiwen. Fir de Rescht ass d'Lëscht normalerweis disponibel, wann de Biergerzenter vun der Gemeng op ass.

Ginn et Réckmeldungen, wéi et um éischten Dag um Terrain ausgesäit?

Extrait 6

An der Haaptstad zum Beispill ware bis am Nomëtte siwe Leit passéiert, zu Diddeleng och an zu Esch eng Handvoll, heescht et. Eligibel fir matzemaache sinn dann an der Stad eng ronn 31.000 Leit vun 128.000 Awunner, zu Diddeleng eng 12.000 vun 21.500 Awunner.

D'Gefill an der Populatioun zu där Affär

Am Politmonitor war jo erauskomm, datt eppes iwwert d'Hallschent vun de Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, e Referendum iwwert d'Verfassung wëllen. 70 Prozent hunn awer uginn, net ze wëssen, ëm wat et an der Verfassung geet. Wann d'Leit wëlle mat decidéieren, misste se sech wuel nach e bëssi méi informéiere respektiv och besser informéiert ginn, iwwert eng dach komplizéiert Matière.

Weider Informatiounen

25.000 Ënnerschrëfte sinn néideg. Ënnerschreiwe kann ee bei sech op der Gemeng. D’Gemenge ware supposéiert, d’Bierger iwwert d’Petitioun z’informéieren, och iwwert wéini a wou se kënnen ënnerschreiwen. Op der Homepage vun der Ville de Luxembourg stinn elo praktesch Informatiounen. Hei de Link vun der Stater Gemeng. Och um Internetsite vun der Gemeng Esch an op hirem Facebook-Kanal "Ville d'Esch" sti praktesch Informatiounen par Rapport zum Referendum.

Back to Top
CIM LOGO