Ënner anerem dat ass aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres zeréckzebehalen, deen am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf.

70 Prozent vun de Lëtzebuerger fille sech net gutt oder iwwerhaapt net gutt informéiert iwwer déi Aspekter, déi mat enger Verfassungsreform solle geännert ginn, an deementspriechend soen och am Ganzen 63 Prozent, dass se net wéissten, ob se dofir oder dogéint sinn.

Politmonitor Deel 2 / Reportage: Annick Goerens

Etat de la Nation: Een Drëttel vu Jonken huet nach näischt dovunner héieren

Eng éischte Kéier hate mer den Etat de la Nation als Fro am Poltimonitor mat agebaut. An dobäi koum eraus, dass 57 Prozent vun de Sondéierten den Etat de la Nation entweder live suivéiert oder sech an de Medien doriwwer informéiert hunn. Dat heescht am Réckschloss awer och, dass déi aner 43 Prozent net genau wëssen, wat annoncéiert ginn ass oder nach guer näischt vun engem Etat de la Nation héieren hunn. Besonnesch jonk Leit falen an déi lescht Kategorie, erkläert den Tommy Klein vun TNS Ilres.

„Et ass natierlech ee Sujet, deen ee vläicht muss eng Kéier uschwätzen. Mir hunn e Problem zu Lëtzebuerg, wann et ëm den Interêt geet fir d'Politik bei deene Jonken. Mir gesinn et och hei am Etat de la Nation, wou zwee Drëttel [vun de Jonken tëscht 18 a 24 Joer n.d.l.r. ] entweder net weess, wat annoncéiert ginn ass oder och keen Interêt hat oder och guer näischt vum Etat de la Nation héieren huet. Mir gesinn et awer och an der Notorietéit vun de Politiker, wou d‘Scorë vun de Jonken, ob se d'Politiker kennen oder net, oft ganz schwaach sinn."

Stabil politesch Situatioun an Zefriddenheet mat annoncéierte Mesuren

Trotz der nawell ganz mouvementéierter Aktualitéit vun de leschte Wochen, fannen iwwerdeems ëmmer nach 72 Prozent vun de gefrote Leit, dass mer eng stabil politesch Situatioun zu Lëtzebuerg hunn. Virop kann een dat op eng grouss Zefriddenheet mat villen annoncéierte Mesuren zeréckféieren. Zum Beispill si 95 Prozent vun de Leit fir d'Produktioun an d'Consommatioun vun regionalen a saisonale Produiten. Wat kënnt dann nach gutt u bei de Leit?

"All déi sozial Mesuren, zum Beispill gratis Nohëllef [86% n.d.l.r.] a Moolzechte [81% n.d.l.r.] fir Kanner aus Famillje mat niddregem oder mëttleren Akommes. Awer och Saachen, déi d'Aarbechtswelt betreffen. Zum Beispill d‘Aféiere vun engem Recht op Deelzäit [79% n.d.l.r.] oder och den Teletravail [79% n.d.l.r.] ginn hei vun enger grousser Majoritéit approuvéiert," esou den Tommy Klein vun TNS Ilres.

Bei Logementsmesuren dogéint ass de Pro manner héich. Solle Staat a Gemengen, ouni déi Privat, den Haaptacteur beim Bau vu bezuelbarem Wunnraum sinn? "Jo" soen do nach 63  Prozent, 17 Prozent sinn dogéint an 20 Prozent wëssen net, wat se dervun hale sollen. Och bei Stroftaxen op eidele Wunnengen oder net bebautem Terrain sinn 13 Prozent net decidéiert an 62 Prozent dofir, ëmmerhin awer nach eng kloer Majoritéit, déi klëmmt iwweregens bei den LSAP-Stammwieler bal op 80 Prozent a souguer d'DP-Wieler soen zu 69 Prozent jo dozou, am mannste waarm fir déi Steier sinn awer d'CSV-Wieler.

Et ginn awer och eng ganz Rei Mesuren, déi iwwerhaapt net gutt ukommen. Zum Beispill d'Mesure, dass auslännesch Residenten an Zukunft net méi musse 5 Joer am Land wunnen, fir sech dierfen op d‘Wielerlëschte fir d'Gemengewalen anzeschreiwen. „Déi nëmme vu 25 Prozent vun der Wielerschaft approuvéiert gëtt. Wat e klore Message ass vun der Wielerschaft, wéi se déi Mesurë gesinn."

Donieft ginn et nach zwou weider Mesuren, déi guer net ukommen, seet den Tommy Klein. „Virun allem, dass een ab 2030 just nach nei Immatrikulatioune vu Gefierer ouni Verbrennungsmotor sollt erlaben [just 21 Prozent Zoustëmmung n.d.l.r.] an och d'Decisioun vu 4 Cannabis-Planzen, dass een déi doheem kann ubauen, gëtt net vun enger grousser Majoritéit approuvéiert [just 40 Prozent Zoustëmmung n.d.l.r.] An et besteet nach ëmmer een Debat iwwer dat Thema an der Gesellschaft."

Verfassungsreform: Majoritéit vu Leit villt sech net gutt informéiert

Eppes, wat den Tommy Klein vun TNS Ilres donieft net weider bei dësem Sondage iwwerrascht huet, ass, dass 70 Prozent vun de Leit uginn hunn, net gutt iwwer d‘Verfassungsreform informéiert ze sinn.

„Dat, wat jiddereen e bësse vermutt, wann ee sech mat Leit dobaussen ënnerhält, gëtt och hei kloer confirméiert. D'Leit gi vläicht iwwer Referendum opgeruff, fir iwwer eppes z'entscheeden, wou eng grouss Majoritéit guer net weess, ëm wat et geet. Mir hunn hei constatéiert, dass et e grousse Manktem un Informatioune gëtt, wann et iwwer déi eenzel Aspekter geet, déi an der Verfassung solle geännert ginn. Wann een d'Leit haut freet, dann ass nëmmen ee Véierel, deen aktuell seet, se géinge mat „Jo“ stëmmen. Eng grouss Majoritéit mat 63 Prozent weess haut nach net, wéi se stëmme géingen, wat natierlech och heescht, dass et nëmmen opgrond vun engem Vott vun der Chamber net een automatesche Reflex zu engem „Jo“ gëtt."

Dass d'Leit ebe sou wéineg informéiert sinn, kéint ganz problematesch ginn, well de Vott iwwer de Referendum kéint instrumentaliséiert ginn, fäert den Tommy Klein vun TNS Ilres.

„Wann ech mer d'Resultat esou ukucken, da gesinn ech e groussen Risiko, dass dat Ganzt kann instrumentaliséiert ginn als Protest-Vott, well et virun allem déi Leit sinn, déi aktuell der Meenung sinn, dass et an der Gesellschaft ongerecht zougeet. Virun allem déi Leit, déi net geimpft sinn, virun allem déi Leit, déi fannen, dass d‘politesch Situatioun aktuell net stabil ass, a Wieler aus der Oppositioun, déi sinn déi am heefegste soen, et muss e Referendum organiséiert ginn."

Ausbléck

An eisem drëtten a leschte Deel vum Politmonitor en Donneschdeg kucke mer op d'Käpp vun eise Politiker. Wie gewënnt a wie verléiert? Eng Fro, déi nawell vill Leit dierft interesséieren.

D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir dëse Sondage goufen 1.016 Wieler befrot, déi representativ si fir d'Lëtzebuerger Populatioun, dëst am Zäitraum vum 2. bis den 10. November 2021. Parteien, wou net vill befrote Leit uginn hunn, zu hirer Stammwielerschaft ze gehéieren, ginn an de Grafiken net eenzel opgelëscht. D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir iwwregens och op Alia.lu