
Méi wéi 5.000 Leit hunn déi mat der Nummer 27-55 ënnerzeechent, déi e Verbuet vu sougenannte Jongfräulechkeetscertificate fuerdert.
Eng sëllegen Associatiounen hate sech där Fuerderung ugeschloss. Esou Certificaten, déi vun engem Dokter missten ausgestallt ginn, géife géint d’Fräiheet an d’Dignitéit vu jonke Frae goen.
D’Ënnerschrëfte mussen natierlech nach an der zoustänneger Chamberkommissioun gepréift ginn, ier dann en Debat festgeluecht gëtt, deen awer eréischt an der nächster Legislaturperiod wäert sinn.