An där enger (5.807 Stëmmen) goung et majoritär ëm d’Ofschafe vun alle Covid-Mesuren, an där aner (5.207 Stëmmen) goung et ëm d’Aféiere vu gratis PCR-Tester fir all d’Lëtzebuerger Residenten. Deenen zwee Petitionäre goung et dorëms, en Auserneendrifte vun der Gesellschaft ze verhënneren.
Direkt am Ufank hunn esouwuel d’Petitionären, wéi och déi Deputéiert festgehalen, datt d’Pandemie-Situatioun haut eng aner ass, wéi nach Enn zejoert, wou d’Petitiounen agereecht goufen. D’Uleies vum Petitionär Alexandre Dombrat bleift awer t’selwecht. Hie fuerdert a senger Petitioun, an éischter Linn datt d’Covid-Mesuren ofgeschaaft ginn. Déi psychologesch, physesch an ekonomesch Konsequenze fir d’Bevëlkerung doduerch wieren ze héich, fir se weiderhin a Kaf ze huelen. D’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert seet, et wier ee sech deem bewosst, an dofir hätt ee vun Ufank u probéiert, d’Mesurë moderat ze halen. Dat schlëmmst wier awer en Zickzack-Cours ze fueren, woufir ee misst virsiichteg bleiwen.
An enger weiderer Petitioun goufe gratis PCR-Tester gefuerdert. Dem Petitionär Celestino Fecchi geet et virun allem ëm Solidaritéit, well net jidderee sech d’Tester leeschte kann. Fir hie bleift d’Impfen de Wee aus der Kris. Mee e puer Mol de Mount sollt een d’Méiglechkeet fir e gratis PCR-Test kréien. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot awer, datt dat an der momentaner Situatioun disproportionéiert wier. Déi néideg Ressourcë géingen den Ament an der Impfcampagne agesat ginn.
Déi zwou Petitioune goufen net zréckbehalen. Et wier een awer nach eng Kéier doranner bestäerkt ginn, an der Chamber weider no Léisungen ze sichen, fir déi gesondheetlech Konsequenze vun der Pandemie ofzefiederen, ënnersträicht d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt. Hei misst och nach en Effort gemaach ginn, fir Statistiken ze komplettéieren. Notamment déi ronderëm haislech Gewalt, dem Suicide oder wat Depressioune betrëfft.
