
D‘Petitiounen 2301 an 2332 hunn den néidege Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht an domat d’Recht op een ëffentlechen Debat.
D’Petitioun 2301 krut iwwer 4.600 Signaturen a fuerdert, dass am Norde vun Lëtzebuerg eng Maternité an och eng Pediatrie-Urgence, also eng Urgence fir Kanner, 24/24 soll op sinn. Dësen Debat gëtt e Mëttwoch, den 21. September um 9 Auer gefouert.
Iwwer 4.800 Ënnerschrëfte krut d’Petitioun 2332. Dës fuerdert e Congé parental vun 9 Méint. Fir den ëffentlechen Debat fir dës Petitioun gëtt et awer nach kee fixen Datum.
Donieft deelt d’Petitiounskommissioun vun der Chamber mat, dass een derbäi wier, weider Debaten ze preparéieren. Den Debat iwwer d’Petitioun 2309 gouf iwwerdeems elo op den 23. September um 15 Auer fixéiert. Do geet et ëm de Remboursement vu Consultatioune bei Psychologen.