SantéskommissiounPic vun Neiinfektiounen an de Schoule kéint erreecht sinn

RTL Lëtzebuerg
Besonnesch an der Grondschoul ass d'Inzidenz den Ament mat ëm 700 immens héich.

Fir Erklärungen zu de Mesuren an der Schoul ze ginn, waren den Direkter vun der Santé, Dr. Schmit an den Educatiounsminister Meisch en Dënschdeg de Moien an der Santéskommissioun.

D’CSV-Deputéiert Martine Hansen huet sech mam aktuellen Dispositiv zwar zefridde gewisen, bedauert awer, dass den Educatiounsminister sech retizent weist, wann et ëm d’Loftfilter ugeet. De renforcéierten Testing, wéi en elo eng Woch ëmgesat gouf, sollt dem Martine Hansen no bäibehale ginn, virun allem an der Grondschoul:

“De Schnelltest ass am neie Gesetz jo och just nach 24 Stonne gülteg. Am Hannergrond vun der Omikron-Variant wier e renforcéierten Testing dann och nach wichteg.”

Dem Martine Hansen no sollten déi mobile Ekippen, déi PCR-Tester gemaach hunn, nees agesat ginn. Soss misst zumindest gekuckt ginn, dass an all Regioun vum Land d’Méiglechkeet besteet, séier e RDV fir en PCR-Test am Labo ze kréien. Dat wier den Ament awer net de Fall. Och net mat enger Ordonnance, wann een zum Beispill a Kontakt mat enger positiver Persoun war. Do wier et awer wichteg, direkt en Test kënnen ze maachen a net Deeg mussen ze waarden.

Elo misst een dann am A behalen, wéi sech d’Omikron-Variant am Land ausbreet a wann néideg dann an der Chrëschtvakanz direkt nei Mesuren huelen, zum Beispill de Quarantän-System adaptéieren, esou nach d’Martine Hansen.

An der Presentatioun vum Educatiounsministère wier ervirgaangen, dass eventuell elo e Pic vun Neiinfektiounen erreecht wier an et elo nees kéint no ënne goen, esou de Kommissiounspresident Mars di Bartolomeo vun der LSAP. Am Secondaire wier d’Inzidenz net grad sou héich wéi an der Grondschoul. Ma egal ob scho ka geimpft ginn oder net, gëllt fir d’Schoul dem Mars di Bartolomeo no:

Impfe wier eng Chance, ma awer net deen eenzege Schutz virum Virus. Dowéinst solle weiderhin déi elementar Schutzmoossname bäibehale ginn. Dëst kéinten dann och eng Zort Thermometer sinn, deen uweist, wéi sech de Virus entwéckelt.”

Am neie Covid-Gesetz sinn keng grouss Ännerunge fir d’Schoul virgesinn. Dem Mars di Bartolomeo no wier et net virgesinn, dass et scho virum Auslafe vum ale Gesetz den 18. Dezember géing a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO