Invité vun der Redaktioun (8. Januar)Pierre Lorang, iwwer d'CSV virun de Wahlen

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Member vum CSV-Dräikinneks-Grupp.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Pierre Lorang
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

2013 wollt kee mat der CSV, 2018 wëlle se all mat der CSV. Dat seet de Publizist Pierre Lorang. De Member vum CSV-Dräikinneks-Grupp war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

D'CSV hätt d'Chance genotzt, déi sech aus der Oppositiounsroll erginn huet. Et hätt ee sech an de leschte knapp 5 Joer inhaltlech an och personell erneiert kritt.

De Pierre Lorang (Extrait 1)

De Claude Wiseler wier de richtege Spëtzekandidat an hie wier och an de leschte Méint an déi Roll eragewuess. Op d'Viviane Reding ugeschwat, äntwert de Pierre Lorang, datt hie si als gutt Ausseministerin géing gesinn.

Ëmmer ronderëm Dräikinneksdag gesäit sech de sougenannten Dräikinneks-Grupp vun der CSV. De Grupp gesäit sech als informell Diskussiouns-Plattform fir iwwer bestëmmten Themen ze schwätzen. D'Editioun dëst Joer stoung ganz am Zeeche vun der Digitaliséierung, en Domän an deem d'CSV – wéi aner Parteien och – zum Beispill net ganz gutt opgestallt wier, mengt de Pierre Lorang.

D'Zuel vun de Visiteuren, déi Dräikinneksdag mat dobäi, géing vu Joer zu Joer erop goen, dat freet de Pierre Lorang.
Wat hie bedauert, ass, datt d'Iddi vun enger Fondatioun, déi intern eng intellektuell Viraarbecht kéint maachen, wuel am Sand verlaf ass.

De Pierre Lorang (Extrait 2)

Bis d'Chamberwahle sinn et nach ronn 10 Méint. Ee Feeler, deen déi aktuell gréisst Oppositiounspartei net dierft maachen, wier fir an der "Beliebegkeet" ze verfalen a jidderengem et wëlle gerecht ze maachen. Et dierft ee sech och net an d'Fotelle an de Wagon-lit leeë bis Oktober. D'CSV misst sech nämlech drop astellen, datt Xavier Bettel an Etienne Schneider sech an den nächste Méint staark wäerten an Zeen setzen a Pub fir sech maachen.

De Pierre Lorang (Extrait 3)

Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Member vum CSV-Dräikinneks-Grupp.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO