
Op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien hu si der viregter an dëser Regierung reprochéiert, d’parlamentaresch Kontroll ze blockéieren. Den Deputéierte Sven Clement stellt d’Effikassitéit vun de bestallten Impfstoffer net a Fro, mä hien huet drun erënnert, dass Lëtzebuerg fir den Zäitraum vun 2020 bis 2026 Covid-Vaccin am Wäert vu 67 Milliounen Euro bestallt huet, wouvun een Drëttel – also ronn 20 Milliounen – ewechgehäit géife ginn.
Aus deem Grond stellt de Sven Clement a Fro, ob d’EU-Kommissioun awer och d’blo-rout-gréng Regierung bei déi Kontrakter richteg mat de Pharmaproduzenten negociéiert hunn.
“Ech mengen dat ass jo d’Konklusioun. Mir hätten déi Kontrakter kënnen anescht verhandelen, dann hätte mir manner Vaccin missten ewech puchen. Um Enn ass mäin Haaptkritikpunkt, dass mir Kontrakter hunn, déi eis obligéieren, weider Vaccin ze kafen obwuel mir kee méi brauchen, respektiv ze grouss Quantitéiten. Soe mir: mäin Auto brauch 50 Liter d’Woch. Elo obligéieren ech mech awer, 50 Liter d’Woch ze kafen. Wat maachen ech mam Rescht? Ech puchen en ewech. Mir hu probéiert en ze spenden. Mä déi Länner waren net interesséiert, well se deen Ament schonn aner Optiounen haten.”

Dowéinst hätt de Pirat gär Abléck an déi Kontrakter, wat d’Regierung him zanter Summer 2020 awer net erméiglecht huet. Uganks duerch ignoréieren, duerno duerch Refus. D’Pirate sinn dowéinst op d’Tribunal administratif gaangen. Déi Geriichtsverhandlunge fänken awer eréischt an engem Joer un.
Als juristesch Basis fir seng Fuerderung ernimmt de Sven Clement éischtens de sougenannten “Arrêt Clement”, wou d’Verwaltungsgeriicht deemools decidéiert hat, d’Deputéiert hätten d’Recht an de Kontrakt tëscht Staat an CLT-UFA ze kucken. Zweetens stéing an der Verfassung kloer, dass d’Chamber d’Recht huet, Dokumenter vun der Regierung ze froen.