Gemeng KiischpeltPlainte géint Beamte gemaach, dee sech selwer bei Police denoncéiert huet

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Gemeng via Communiqué matgedeelt. Well d'Enquête awer nach leeft, wëll ee keng weider Detailer ginn.

RTL-Informatiounen no ass dësen Beamten zanter enger Zäit am Krankecongé.

De Communiqué

De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Kiischpelt deelt mat, datt nodeems ee vun hire Beamte sech selwer wéinst diverse Faite bei der Police denoncéiert huet an nach weider Onreegelméissegkeeten opgefall sinn, d’Gemeng Kiischpelt och Plainte géint dëse Beamten deposéiert huet.

Wéinst der lafender Enquête kann d’Gemeng keng weider Detailer bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO