Mouveco/Natur an ËmweltPlainte géint Lëtzebuerger Regierung wéinst Verloscht u Biodiversitéit

RTL Lëtzebuerg
D'Ëmweltschutz-Verbänn reprochéieren der Regierung, d'Biodiversitéit net ze respektéieren an net anstänneg genuch ze protegéieren.
Plainte géint Lëtzebuerger Regierung
D'Ëmweltschutz-Verbänn reprochéieren der Regierung, d'Biodiversitéit net ze respektéieren an net anstänneg genuch ze protegéieren.

Plainte Verloscht u Biodiversitéit / Rep. Sabrina Backes

De „Mouvement Ecologique" an „Natur an Ëmwelt" hunn eng Plainte gemaach géint d'Lëtzebuerger Regierung virun der EU-Kommissioun. Grond ass den Net-Respekt vum EU-Recht.

Et ass déi alleréischt Kéier, datt déi zwee Ëmweltschutz-Organisatiounen eng Plainte géint d'Regierung gemaach hunn. Si gesinn hei am Land zënter Joren e grousse Biodiversitéitsverloscht, iwwert deen d'Regierung Bescheed wéisst, awer net konsequent genuch géif dogéint agéieren. D'Blanche Weber, Präsidentin vum „Mouvement Ecologique": „Mir stelle fest, datt d'Zerstéierung déi ganzen Zäite weidergeet a se net kann opgehale ginn an och nach net opgehale gouf. A mir stellen och keng Trendwende, keng Kurskorrektur fest, dass eng aner 'Bewosstseinsbildung' bei de politeschen Acteuren ass, fir d'Kor ëmzerappen."

Domat verstéisst d'Regierung awer géint d'europäescht Recht. Dat schreift vir, datt protegéiert Liewensraim an Aarten erhale gi mussen.

An de leschte Jore wiere geschützte Liewensraim a bestëmmten Déierenaarten ëmmer manner ginn . D'Associatiounen nennen hei zwee Beispiller: Engersäits dee vum Feldhong, anerersäits dee vun de Méiwisen. Dës ginn ëmmer méi duerch 'Silage-Wissen' ersetzt. Se kommen net méi an d'Bléi a produzéiere kee Som méi. E Problem fir vill Insekten, déi vum Som liewen.

Op wéi eng Grënn dës Zerstéierung an de Réckgang vun der Vullen- an Insekten-Populatioun zréckzeféieren ass, resuméiert de Jacques Pir vum „Mouvement Ecologique": "A wéi gesot et ass haaptsächlech d'Intensivéierung vun der Landwirtschaft, den Asaz vu Pestiziden an Dünger, en ze héije Véibestand zu Lëtzebuerg mat enger Iwwerdüngung vun eise Landwirtschaften den Haaptgrond fir dëse Réckgang."

Déi zwou Ëmweltschutz-Associatioune fuerderen dowéinst vun der Regierung, an hirem neien nationale Strategieplang méi streng Protektiounsmesuren ze decidéieren. Dozou gehéieren ënner anerem och spezifesch Kontrollen, ob de Schutz garantéiert gëtt an ebe Sanktiounen, wann dëst net de Fall sollt sinn.

Déi zwou Associatioune betounen awer och, datt een hei am Géigesaz zum Klimawandel keng Upassungsméiglechkeete méi hätt. Si warnen, datt de ganzen Ökosystem zesummebrécht, wann d' Lëtzebuerger Regierung net geschwë reagéiere géing an aktiv gëtt.

PDF: Schreiwes iwwert d'Feldhong

Back to Top
CIM LOGO