A Presenz vum Grand-DucPlastipak Inc. kritt de "Luxembourg-American Business Award"

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc Guillaume ass zesumme mat de Ministere Xavier Bettel a Gilles Roth op New York gereest, fir de Business Award ze iwwerreechen.

Vum 13. bis de 15. Abrëll sinn de Grand-Duc Guillaume, den Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel esou wéi och de Finanzminister Gilles Roth am Kader vun der Iwwerreechung vum “Luxembourg-American Business Award” zu New York. Dëst Joer geet dës Auszeechnung un d’Firma Plastipak Inc., déi zanter 1998 zu Käerjeng d’Filiale LuxPET AG huet. D’Firma ass spezialiséiert op Plastiksfläschen a PET-Formen an ass aktiv am Recyclage vum PET.

De “Luxembourg-American Business Award” goung ënner anerem schonn un Amazon, DuPont, Goodyear, Guardian oder Husky.

D’Rees stoung awer net just am Kader vun dëser Auszeechnung, well d’Lëtzebuerger Delegatioun huet sech och nach mat Veteranen aus dem Zweete Weltkrich getraff, wat d’Valeur vun den historesch Relatioune tëscht Lëtzebuerg an den USA beweist.

Back to Top
CIM LOGO