Mir wëlle Bio elo!Plattform "Meng Landwirtschaft" fuerdert Regierung op, aktiv ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Op der anerer Säit ass et d'Ausso aus der Landwirtschaft, datt een oppe fir d'Bioproduktioun wär.
© Projets et campagnes politiques natur&ëmwelt a.s.b.l.

"Meng Landwirtschaft" - Reportage Nadine Kremer

20%, sou héich soll den Undeel vu biologescher Landwirtschaft, der Regierung no, bis 2025 klammen. Bis elo gouf awer vu Regierungssäit nach net vill dofir ënnerholl. D'Plattform „Meng Landwirtschaft“ huet dofir de Romain Schneider, Landwirtschaftsminister, leschte Freideg um Wee an d'Chamber ofgefaangen, fir hien opzefuerderen endlech aktiv ze ginn.

Bis 2025 sollen also 20% vun de Bauere biologesch schaffen. Bis elo läit den Undeel awer onverännert bei 4%. D'Laure Cales, Koordinatrice vu „Meng Landwirtschaft“ begréisst de Plang vun der Regierung, mee sot si wieren ongedëlleg. Si hätte vill Iddien a wéilten déi endlech mat abréngen. De Romain Schneider huet dofir en Datum proposéiert fir sech mat den Aktivisten auszetauschen: Den 11. Juli soll jo dann dee participative Prozess gemaach gi fir zesummen um Bio Aktiounsplang ze schaffen. An dann hoffe mer dass do ganz vill flott Iddien zesumme kommen an och konkret Mesurë fir dass et viru geet.

D'Plattform „Meng Landwirtschaft“ huet och direkt eng ganz konkret Fuerderung un de Minister Romain Schneider gestallt: Op der anerer Säit hätte mer gären dass am Ministère eng Uspriechpersoun fir d'Biolandwirtschaft heihinner kennt. Dat ass ganz wichteg och fir di zukünfteg Biobaueren déi wëllen ëmstellen, dass se hei ganz konkret en Uspriechpartner hunn, deen hinnen zur Säit steet. Et soll eng Persoun sinn, déi en Don dofir huet, Reseaus-Aarbecht ze maachen, fir dass mat ganz villen Acteure kann zesumme geschafft ginn.

Firwat ass biologesch Landwirtschaft eigentlech esou wichteg? De Guy Arend Biobauer zu Péiteng huet eng kloer Äntwert: Mir gesi jo um Aartestierwen a besonnesch um Insektestierwen och hei a Lëtzebuerg wéi wichteg et wier, dass méi Biobaueren do wiere well mir sinn ëmgaangen eis Grondlagen ze zerstéieren.

Vun der Ëmstellung profitéieren net nëmmen d'Baueren: Da profitéieren och nach aner Secteuren, well Lëtzebuerg dann en Zentrum wier vun natierlecher Liewensmëttelproduktioun an Natur. Eng besser Reklamm, och fir den Tourismus, gëtt et net.

Zu Lëtzebuerg géing och scho vill Bio konsuméiert ginn. Well et awer u Biobauere feelt, misste vill Produiten importéiert ginn, besonnesch Bio-Uebst a -Geméis, sou de Guy Arend.

Landwirtschaft ass oppe fir Bio

D’Landwirtschaft ass oppe fir Bio, mä si muss eng Zukunft gesinn, seet de Marc Fisch vun der Bauerenzentral. Well och wann d’Konsumente behaapten, si wéilte méi Bio kafen, wier d’Realitéit um Terrain, an de Geschäfter, liicht eng aner. Do nämlech géif ee gesinn, datt d’Bio-Produiten och alt an de Regaler léie bleiwen. Zum Beispill ass dat bei der Bio-Mëllech de Fall. D’Nadine Gautier huet mam Marc Fisch, dem President vun der Centrale paysanne iwwert de Bio an déi traditionell Landwirtschaft geschwat.

Landwirtschaft ass oppe fir Bio / Reportage Nadine Gautier

20 Prozent Bioproduktioun bis 2025. Dat ass een Zil wat sech d’Regierung jo an hirem Regierungsprogramm ginn huet. Et ass gutt, Ziler ze hunn, seet de Marc Fisch, dee sech awer skeptesch weist, ob dës Objektiver realistesch sinn: Et muss ee wësse wann de Marché net matspillt, da gëtt et schwéier, dat Zil z’erreechen. Dat heescht net, datt ee net soll dru schaffen. Et soll ee Marchéen opmaachen, dat wier fir d’Landwirtschaft eng gutt Saach.

Alles géif awer schlussendlech um Konsument hänken. Wann deen zwar seet e wéilt Bio kafen, et awer net mécht, kann dee landwirtschaftleche Beräich sech net entwéckelen. Och well d’Käschte vun der Bio-Produktioun, méi héich sinn wéi fir de konventionelle Wee, an deemno d’Produiten och méi deier sinn.

De Marc Fisch: Wa mir an de Geschäfter d’Zuele kucken, déi si méi héich wéi d’Produktioun hei zu Lëtzebuerg. D’Bio-Produktioun läit bei 4 Prozent, ma d'Consommatioun läit doriwwer, mä a Produkter déi net hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Well net alles wat biologesch hei am Land produzéiert gëtt, fënnt de Wee bis op dem Lëtzebuerger säin Teller. Do gëtt de Marc Fisch d’Beispill vun der Mëllech: An der Mëllechproduktioun hu mir eng riseg Iwwerproduktioun. D’Halschent gëtt an d’Ausland exportéiert, a Produkter oder iwwer Rohmëllech. Dat ass bei traditionellen dat selwecht, wéi beim Bio (1 Prozent mécht déi aus). Do gëtt och d’Halschent vun der Rohmëllech exportéiert, well se hei um Marché net ofzesetzen ass.

 

Am Fleesch wier d’Situatioun ganz ähnlech.

De Marc Fisch: Well et och aner Marke ginn, déi méi staark sinn, an déi besser ukommen. An de Bio gëtt och deelweis an traditionell Produktiounen dragemaach. Si versichen elo méi Marché ze kréien, mee et ass immens schwéier do unzekommen.

Dobäi kënnt datt déi traditionell Lëtzebuerger Produiten eng héich Qualitéit hätten. De Marc Fisch seet sech dann och positiv géintiwwer dem Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft. Berodung a Sensibiliséierung wieren am Secteur nämlech wichteg.

1.800 landwirtschaftlech Betriber ginn et zu Lëtzebuerg, dovunner sinn eng 70, déi op de Wee vum Bio gaange sinn. Am Allgemenge géif d’Zuel vun de Bauerenhäff erofgoen. Dat wier bedéngt duerch de méi héijen Alter vun de Baueren. Hei schwätzt de Marc Fisch vun engem Strukturwandel. Ronn 30-40 Betriber géif een am Joer verléieren.

De Communiqué vun natur&ëmwelt a.s.b.l.

Heute morgen haben rund 25 Vertreter der Plattform Meng Landwirtschaft den Minister Romain Schneider vor dem Landwirtschaftsministerium überrascht. Die Plattform fordert, dass im Dossier "Bioaktionsplan" endlech etwas passiert und, dass alle Akteure in einem wahrhaftigen partizipativen Prozess an dessen Gestaltung mitarbeiten können. Darüber hinaus wird gefordert, dass eine eigene Abteilung für biologiesch Landwirtschaft im Ministerium eingeführt wird. Deshalb haben Vertreter von Meng Landwirtschaft eine Stellenanzeige für eine(n) Leiter(in) dieser Abteilung entworfen und sie dem Herrn Minister heute überreicht.

Der sichtlich erstaunte Minister zeigte sich optimistisch und lud zu einem (bisher noch nicht offiziellen) partizipativen Austausch am 11. Juli ein. Die Plattform Meng Landwirtschaft begrüßte dies, bemängelt allerdings stark, dass ein solches Treffen mit weniger als 2 Wochen Vorlauf stattfinden soll und befürchtet ein, dass viele betroffene Akteure diesen Termin demnach nicht wahrnehmen können.

Bitte finden Sie im Anhang unsere Pressemitteilung sowie einige Fotos des "Piquet".

Wir freuen uns über die Berichterstattung und stehen bei Fragen gerne zur Verfügung.

Back to Top
CIM LOGO