Esch/UelzechtPolice entdeckt Gaswaffen a Marihuana bei Autoskontroll

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend géint 22.30 Auer gouf an der Industriezon ZARE Sommet ee Gefier mat 4 Persounen dra kontrolléiert.

Dobäi gouf eng kleng Quantitéit Marihuana, wéi och 2 Gaswaffe fonnt.

Zu Dikrech op der Gare gouf e Mëttwoch den Owend um 19.30 Auer e Jugendlechen iwwerfall. Hie krut säin Handy geklaut, gouf awer net blesséiert. Déi zwee presuméiert Täter konnte kuerz drop vun der Police ermëttelt ginn an de Besëtzer krut säin Apparat erëm.

E weideren Iwwerfall gouf zu Stroossen an der Rue des Ardennes gemellt. Géint 19.20 Auer gouf e Resident viru sengem Haus vun zwee Männer ugeschwat, déi nom Wee gefrot hunn. Wéi den hëllefsbereete Mann op béid Persounen duergaangen ass, gouf hien ugegraff a krut seng Auer geklaut. D'Ugräifer hu sech a Richtung Rue du Cimetière duerch d'Bascht gemaach.

Back to Top
CIM LOGO