
An der Rue des Martyrs zu Rëmeleng war et e Méindegowend eng Fra, déi mat hirem Gefier widder den Trottoir an duerno op e Parking fir Elektroautoe gefuer ass. En Alkoholtest war positiv ausgefall a si krut hire Fürerschäin ofgeholl.
Och e Méindegowend krut d’Police op der N15 zu Pommerlach en Auto gemellt, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Wéi d’Police d’Gefier spéider fonnt huet, war de Chauffer um Volant ageschlof. Och hien huet misse säi Permis wéinst engem positiven Alkoholtest ofginn.
An an der Nuecht op en Dënschdeg war et dann och nach e Chauffer an der Stater Rue du Fort Wedell, dee wéinst ze vill Alkohol um Steier de Fürerschäi verluer huet. Hie stoung deels um Trottoir, wärenddeem säi Moteur u war.