
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg ass der Police eng Party an engem Bësch bei Biwesch gemellt ginn, déi méiglecherweis net ugemellt war. Op der Plaz hunn d'Beamte ronn 100 bis 150 Leit ugetraff, déi mat hiren Autoe bei de Bësch gefuer waren, an do gefeiert hunn.
E gudden Deel vun de Leit huet sech aus dem Stëbs gemaach, wou d'Police koum. Vun deenen, déi nach iwwereg bloufen, hunn d'Beamten d'Personalien opgeholl. Eng Rei vun hinne koum aus dem noe Grenzgebitt.
D'Museksanlage goufen ofgebaut an e puer Autoen, déi am Bulli hänke bliwwe waren, hu missten ofgeschleeft ginn.
Duerch déi vill Autoen ass an engem Feld, dat nei ugeplanzt gi war, grousse Schued entstanen. De Virfall gouf zu Protokoll geholl an et goufen Ermëttlungen ageleet.