An der Nuecht op e SonndegPolice muss 4 Fürerschäiner anzéien, well Chaufferen ze vill gedronk haten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg krute 4 alkoholiséiert Automobilisten hire Permis ofgeholl, dat tëscht Éilereng an Zolwer, op der A7 an zweemol op der A4.
© RTL-Archiv

Op der Streck tëscht Éilereng an Zolwer ass e Samschdeg den Owend géint 22.30 Auer en Auto an d'Leitplanke gaangen. Et ass beim Materialschued bliwwen. Allerdéngs war den Alkoholtest beim Chauffer positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Op der A4 a Richtung Stad ass da géint 23.20 Auer en Auto, an der Géigend vum Rondpoint Raemerech an eng kalifornesch Mauer gerannt. Och hei gouf de Chauffer net blesséiert, hat awer ze vill gedronk a war deemno säi Führerschäi lass.

Kuerz no 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass enger Policepatrull op der A4 a Richtung Esch en Auto opgefall, dee mat ronn 30 Stonnekilometer am Zickzack gefuer ass. D'Alkoholslimitt wier däitlech iwwerschratt gewiescht, heescht et vun der Police, esou dass och dëse Chauffer säi Permis elo lass ass.

An och de Chauffer, deen um Sonndeg de Moien um 4 Auer op der A7 gestoppt gouf, well en am Zickzack ënnerwee war, hat ze déif an d'Glas gekuckt an huet säi Führerschäi missen ofginn.

De CGDIS mellt och nach zwee Accidenter vu Cycliste um Samschdeg am fréien Owend. Zu Klierf ass e Vëlosfuerer gefall an huet sech dobäi blesséiert. Op der Plaz waren ënnert anerem de Samu an e Rettungshelikopter. An zu Furen krut en Auto e Vëlo ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO