Boulevard de KockelscheuerPolice registréiert 30 Verstéiss bei grousser Verkéierskontroll de Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Een Automobilist hat nach eng jett al Protokoller net bezuelt an huet misste bal 500 Euro nobezuelen.

De Mëttwoch gouf et um Boulevard de Kockelscheuer an der Stad eng grouss ugeluechte Verkéierskontroll, bei där eng Dose Beamte vun der regionaler Verkéierspolice an engem Policebüro aus der Haaptstad bedeelegt waren. Bei de Kontrollen, déi Moies an am Nomëtteg gemaach gi sinn, sinn alles an allem 30 Infraktioune festgestallt ginn. An zwee Fäll gouf déi maximal Vitesse vu 50 Kilometer an der Stonn ëm méi wéi d'Hallschent iwwerschratt. Géint déi betraffen Automobiliste gouf eng Plainte gemaach, mee hire Fürerschäin duerfte se behalen.

18 Chauffeure ware méi wéi 15 Stonnekilometer ze séier a missten dofir 145 Euro bezuelen an zwee Punkten um Fürerschäin ofginn. Bei zwee aneren Automobiliste gouf et net grad esou deier. Si ware manner wéi 15 Kilometer an der Stonn ze séier an hu missten 49 Euro op de Kapp bezuelen.

An zwee Fäll haten Autoen net déi néideg Pabeiere vun der Contrôle technique. Och dat huet 145 Euro an zwee Punkte kascht. Zwee Chauffeure konnten hir Versécherungspabeieren net weisen an hu misse 24 Euro bezuelen.

Ee Motosfuerer hat eng net reglementéiert Auspuffanlag ubruecht an huet misste 74 Euro bezuelen. An engem Fall gouf een Automobilist mam Telefon um Steier erwëscht. Och hei waren 145 Euro an zwee Punkte fälleg.

Een Auto ass de Beamten duerch net reglementéiert Fënsteren opgefall (74 Euro) a bei engem Chauffeur stoungen nach eng jett Protokoller op, déi nach net bezuelt gi waren. Hei gouf et eng Rechnung vu 462 Euro.

Back to Top
CIM LOGO