Op NationalfeierdagPolice ronn 40 Mol wéinst Kaméidi geruff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, war et bei engem Véierel vun de Fäll awer roueg, wéi d'Beamten op d'Plaz koumen.
© Laurent Weber / RTL

Bei deenen anere Fäll waren et virun allem Noperen, déi ze haart waren, Kaméidi aus engem Café oder haart Leit op der Strooss. All gemellt Persoune wieren awer verstänneg gewiescht an hätte sech méi roueg verhalen.

Bei der Kontroll vun engem Café zu Diddeleng huet allerdéngs d’Lizenz, fir Alkohol ze verkafen, gefeelt. De Parquet gouf doriwwer informéiert.

Back to Top
CIM LOGO