Place Hamilius an der StadPolice sicht am Kader vun engem Déifstall no engem Mann

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gëtt den Ament no engem Mann gesicht. Dat am Kader vun engem Déifstall um 25. November 2022 an engem Geschäft op der Place Hamilius.

D’Police hofft op Hëllef aus der Bevëlkerung fir de Mann am Bild ze identifizéieren an ze lokaliséieren. All Informatiounen heizou si fir de Policebüro Ville-Haute iwwer d’Telefonsnummer (+352) 244 21 1000 oder d’E-Mail police.villehaute@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO