ZeienopruffPolice sicht am Kader vun enger geklauter Kreditkaart no dësem Mann

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Hiweiser zu der Identitéit vun der Persoun an de Fotoen.
© RTL-Grafik

Warscheinlech gouf den 21. Juni 2023 an engem Supermarché zu Ëlwen eng Kreditkaart geklaut. Den Deeg drop, de 25. an de 26. Juni, gouf direkt an e puer Geschäfter uechter d’Land - ënnert anerem an der Stad, zu Ettelbréck an zu Esch - mat der geklauter Kaart bezuelt.

Wien Informatiounen zu der Persoun op de Fotoen huet, ass gebieden sech um Policebüro vun Ëlwen ze mellen, ënnert der Mail police.troisvierges@police.etat.lu oder der Telefonsnummer (+352) 244 87 1000.

Back to Top
CIM LOGO