Zwee Asätz an der StadPolice sicht Auerendéif mat Helikopter - ouni Erfolleg

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war de Policehelikopter direkt zwee Mol an der Stad am Asaz - béid Kéiere wéinst geklauten Aueren.
© RTL-Archiv

Zu Bartreng an der Rue de la Foret gouf en Dënschdeg den Owend géint 19.30 Auer ee Mann vun zwee Déif ugegraff. Wärend deen een d’Affer festgehalen huet, huet deen aneren dem Mann d’Auer vum Handgelenk gerappt. D’Affer gouf dobäi och geschloen.

Eréischt wéi Passanten an aner Awunner sech agemëscht hunn an domat gedreet hunn, d’Police ze ruffen, hunn déi zwee Täter vun hirem Affer ofgelooss. Si sinn iwwer d’Route de Longwy a Richtung Stad geflücht. D’Affer gouf iwwerdeems fir d’Kontroll an d’Spidol bruecht.

De Policehelikopter ass ausgeflunn an huet no den zwee Täter gesicht, mä ouni Erfolleg. Et sollt awer net deen eenzegen Asaz vum Policehelikopter deen Owend bleiwen.

Géint 20 Auer gouf der Police an der Stad ee weideren Auerendéif gemellt. Dës Kéier souz d’Affer mat oppener Fënster a sengem Auto, dat bei enger rouder Luucht un der Kräizung tëscht der Avenue Emile Reuter an dem Boulevard Joseph II. Duerch d’Fënster gouf him d’Auer vum Handgelenk gerappt. Den Täter ass doropshin an engem wäissen Auto geflücht, wouhinner ass net bekannt.

Och hei huet d’Police den Helikopter op d’Sich geschéckt. Den Déif konnt awer net ermëttelt ginn.

D’Police sicht elo no méiglechen Zeien. Si solle sech ënnert dem 113 oder bei dem Stater Police ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 mellen.

Routine-Asaz vum Policehelikopter

Datt d’Police an esou Fäll op hiren Helikopter zeréckgräift, ass guer net esou aussergewéinlech. Déi zwee Helikoptere vum Typ Airbus H145M, déi d’Lëtzebuerger Police zënter 2020 asetzt, ginn nämlech ënnert anerem bei der Sich no Persoune gebraucht. De Police-Helikopter gëtt awer och fir eng allgemeng Iwwerwaachung vun engem Gebitt genotzt, wéi och fir d’Erhalung vun der Uerdnung a fir präventiv géint Verbrieche virzegoen.

Den Helikopter soll d’Buedempersonal vun der Police ënnerstëtzen. Sou erméiglecht d’Perspektiv aus der Loft et am Fall vu Rassemblementer, wéi Manifestatiounen oder bei gréisseren Accidenter, eng méi einfach Iwwerwaachung vun der Situatioun.

“Den Helikopter war dëst Joer bis ewell méi wéi 30 Mol am Kader vun der Sich no presuméierten Täter oder bei gemellte Strofdoten am Asaz. Dat heescht d’ailleurs net forcement, dass den Helikopter spezifesch just heifir gestart ass. Et ass duerchaus méiglech, dass den Helikopter souwisou an der Loft ass an op eng Meldung hin dann dozoustéisst.”, sou d’Explikatioune vun der Police.

Fir d’Helikopter-Staffel vun der Lëtzebuerger Police sinn aacht Leit am Asaz, déi speziell forméiert ginn. Si iwwerhuelen d’Roll vun der Observatioun an der Begleedung vun de Flich. D’Helikoptere selwer ginn nämlech vun externe Pilote geflunn.

Back to Top
CIM LOGO