
En Auto war en Dënschdeg géint 11.18 Auer op der A4 a Richtung Stad, op der Héicht vu Leideleng an d’Leitplank geknuppt. An deem Zesummenhang gëtt elo no engem groe Volvo, Modell V60, mat lëtzebuergescher Plack gesicht. Blesséierter soll et keng ginn hunn.
Wien eppes iwwer d’Entstoe vum Accident weess, soll sech bei der Verkéierspolice op der Nummer (+352) 244175200 oder per Mail un upr.sia@police.etat.lu mellen.