
En Donneschdeg de Moien huet d'Police eng Vermësstemeldung fir dat 14 Joer aalt Lea Klein Fonseca matgedeelt. D'Meedche gouf fir d'lescht e Freideg den 19. Juni géint 12 Auer gesinn.
Hatt ass ëm 165 cm grouss, vu schlanker Statur, huet schwaarz Hoer a brong Aen.
Wie weess, wou d'Meedchen drun ass, soll sech bei der Police aus der Stad ënnert der Nummer 244 40 1000 oder per Mail u police.luxembourg@police.etat.lu mellen.