D'Sonn dréckt, de Schied gëtt gesicht: Sans-abrie sinn der Hëtzt dacks stonnelaang ausgesat. Ma net jiddereen empfënnt dëst als d'selwecht belaaschtend.
Zwee jonk Männer aus Tunesien soen zum Beispill, un esou héich Temperaturen aus hirem Hierkonftsland gewinnt ze sinn. En anere Mann seet, wann hie géing genuch drénken an eppes op de Kapp géif maachen, da géing dat scho goen.
Fir d'Mënschen op der Strooss awer besser duerch d'Hëtzt ze begleeden, hunn de Familljeministère, de Gesondheetsministère an Acteuren aus dem Sozialsecteur hier Offer zanter e Méindeg temporär ausgebaut. Ënner anerem goufen d'Ëffnungszäite vun den diversen Hëllefsstrukture fir vulnerabel Leit ausgebaut.
"Fir dass d'Leit kënnen duschen an eng Plaz hunn, wou se sech kënnen erblosen", erkläert de Familljeminister Max Hahn.
Doriwwer eraus gouf d'Dagesstruktur um Findel, wou gewéinlech d'Wanteraktioun ass, nach eng Kéier a Betrib geholl, fir eng Offer unzebidden.
Déi temporär Mesurë gëllen an der Haaptstad, zu Ettelbréck an zu Esch – Plazen, wou och d'Stëmm vun der Strooss aktiv ass. D'Associatioun huet hier Ëffnungszäit bis 21 Auer verlängert.
D'Alexandra Oxaceley, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss, mécht de Bilan vun den éischten zwee Deeg: "Am Ganzen hate mer 337 Leit, déi vun där Offer profitéiert hunn. An ech ginn dovunner aus, dass de Weekend nach méi Leit wäerten op déi Offert zréckkommen. Op alle Fall sinn d'Leit immens frou."
Iwwert de Weekend hunn d'Ekippen déi verlängert Offer op d'Bee gestallt. D'Clientë kréien och am spéiden Nomëtteg hei nach Waasser, Zaloten a kënne sech erblosen.
Mee méi géing ëmmer goen, virun allem mat méi Personal, mengt d'Alexandra Oxaceley. Ideal wier an hiren Ae gewiescht, fir och owes kënne grouss ze kachen oder Duschen zur Verfügung ze stellen.
E jonke Mann, deen op der Plaz war, huet da gemengt, alles wier super bei der Stëmm vun der Strooss, mee just eng Saach géing feelen, an dat wär eng Klimaanlag.
Caniculle wéi dës kéinten an Zukunft méi heefeg ginn. Déi aktuell Alerte rouge gëllt fir de Moment nach bis e Freideg mat. Falls se awer méi laang sollt daueren, wier ee preparéiert.
"Wa mer kucken, wéi d'Temperature gemellt sinn, da wäert och do verlooss op de Familljen- a Santésministère sinn, fir zesumme mat de Gemengen an de Partner um Terrain och dann do ze si fir d'Leit, déi op der Strooss liewen", seet de Minister Max Hahn mat Bléck op de Weekend.
"Wat wichteg ass, ass dass mer d'Leit sensibiliséieren. Et ass wichteg, dass mer direkt kënnen agräifen, falls et enger Persoun géing schlecht ginn. Fir Hyperthermie ze verhënneren", betount d'Directrice vun der Stëmm vun der Strooss.
Fënnef Deeg Alert rouge um Stéck, eng Première hei zu Lëtzebuerg, déi vulnerabel Leit dacks am stäerksten trëfft.