
Wéi d'Police schreift, war hinnen e Mëttwoch de Mëtteg e Sträit op enger Tankstell an der Rue Denis Netgen zu Schëffleng gemellt ginn, bei deem een involvéierte Mann blesséiert gi war. Op der Plaz hunn d'Beamten an d'Rettungsdéngschter dräi Persounen an ee beschiedegten Auto ugetraff.
Eng vun de Persounen hat däitlech ze vill Alkohol gedronk. Den onkooperative Mann, deen d'Poliziste beleidegt huet a wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, hunn d'Beamten decidéiert, hie mat an den Arrest ze huelen. Donieft gouf hie wéinst Beamtebeleidegung protokolléiert.
Zu Dikrech hat iwwerdeem eng Fra an der Nuecht op en Donneschdeg ze vill gedronk a sech trotzdeem hannert d'Steierrad gesat. Virop war si bei der Place Guillaume gemellt ginn. Wéi d'Polizisten d'Automobilistin kuerz drop kontrolléiert hunn, war den Alkoholtest positiv. Si huet de Fürerschäi missen ofginn.