Reunioun am AarbechtsministèreBekannte Liwwerservice fir Iesse kritt op d‘Fangere gekuckt

Pierre Jans
Heiansdo ass ee jo e bësse liddereg mam Kachen an dann ass et praktesch, wann ee sech dat heem bestelle kann, no wat ee grad glëschtert.
© RTL

E puer Klicken an enger vun de bekannten Appen a bannent enger Stonn huet ee meeschtens d‘Iesse bei der Dier. Just wat déi, déi d‘Tut bréngen – d‘Livreuren - verdéngen an ënnert wéi enge Konditioune si schaffe mussen, déi Fro stellt ee sech warscheinlech net dacks genuch. Um Mëttwoch war zu deem Thema am Aarbechtsministère eng wichteg Reunioun, mam Fazit: Liwwerservicer vun Iesse solle vill méi streng op d‘Fangere gekuckt kréien, ob si d‘Lëtzebuerger Aarbechtsrecht anhalen.

Der Minimalfuerderung vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB wëll den Aarbechtsminister Marc Spautz nokommen. Aktuell geet et nach net ëm d‘Plattformaarbecht u sech an déi entspriechend EU-Direktiv, mä konkret ëm d‘Firma Wolt, där hir Liwwerante rezent hirer Onzefriddenheet Loft gemaach haten. Eng 160 haten der den 12. Juni souguer eng Zort Streikaktioun lancéiert.

De Marc Spautz sot: "Direkt geet et elo ëm d‘Schwaarzaarbecht. Och ëm d‘Fro, wéi déi Leit an deem Beräich schaffen, ob si respektéiert ginn. Dat sinn déi Saachen, déi mir elo uginn.“

De Minister huet duerchblécke gelooss, dass d‘ITM verstäerkt Kontrolle realiséiere soll. Den Detail bleift nach ze klären.

D‘Gewerkschaften, déi d‘Livreure vun esou Liwwerservicer ënnerstëtzen, schwätze vun extremen Aarbechtskonditiounen, heescht: vill schaffen fir wéineg Geld. De Paul Glouchitski vum LCGB: "Déi meescht vun de Livreure schaffe méi ewéi 12 Stonnen den Dag. Si ginn ënner Drock gesat. Si kréie gesot, dass si vun der Plattform geläscht ginn, wa si net e bestëmmten Ëmsaz maachen. Si stinn ënner Drock.“

An dobäi sprangen dann dacks just 2.000 Euro de Mount raus, däitlech manner ewéi de Mindestloun zu Lëtzebuerg. Wie liwwert, muss och nach selwer fir d‘Käschten opkommen, erkläert e Liwwerant RTL géintiwwer, deen aus Angschtn säin Job ze verléieren, anonym wëll bleiwen. Hie liwwert Commanden op sengem Scooter bei d‘Clienten.

"Ech muss mäi Bensinn an den Entretien selwer bezuelen. A mir sinn extrem ofhängeg vun der Meteo. Wann et esou waarm ass wéi elo, oder wann et vill reent oder schneit. Dat huet en Impakt op eis Aarbecht a wéi gutt et leeft.“

En extrem haarden Job, weess och den David Angel vum OGBL. Richteg problematesch ass, wa Firme sech bei der Plattform umellen an d‘Liwweren u sech da sous-traitéieren.

"Normalerweis sinn et jo sougenannten Independanten – an eisen Ae sinn et Faux-Independanten. well si sech eben net kënnen eraussichen wéini, wéi laang a fir wien si schaffen – déi sech bei der Plattform umellen an dann ebe Bestellungen bei de Restaurant sichen ginn, fir se bei de Client ze liwweren. Mir gesinn déi lescht Joren awer ëmmer méi de Phänomen, dass Leit eng Firma bei der App umellen an iwwert déi dann erëm Leit beschäftegen. Et ass wierklech déi gréisste Grozon. Mir wëssen, dass vill vun den illegale Praktiken an deem Beräich do ze fanne sinn. Da kann d‘Plattform sech dechargéieren a soen, dass si ebe mat enger Firma zesummeschafft, op déi si net direkt en Afloss huet. Hannendru bidden déi Firmen dann déi schlëmmsten Aarbechtskonditiounen iwwerhaapt.“

Souguer bei Flüchtlingsstrukture géif rekrutéiert ginn. Bei deenen Äermsten. D‘Plattform Wolt kann dofir net direkt eppes. Ma och iwwer hir eegen Aarbechtsstrukture schwätzt d‘Firma net esou gär. Op Nofro hin huet den zoustännege Kommunikatiounsbeoptraagte fir Wolt Lëtzebuerg wësse gedoen, dass aus zäitleche Grënn aktuell keen Interview mat engem Responsabelen organiséiert kéint ginn. An enger schrëftlecher Äntwert vum Porte-Parole vun der Firma heescht et:

"Wolt ënnerstëtzt d‘Plattformaarbecht-Direktiv vun der EU, hir Ëmsetzung soll erëmginn, ewéi Plattformaarbecht an der Praxis fonctionéiert. Mir huelen de Feedback an d‘Suergen eescht, mir hunn d‘Representante vun de Liwwerante fir en Echange invitéiert. Den 12. Juni hu mir keng Versammlung virun eisem Büro gesinn, eis Liwwerzäite waren normal, a Bestellungen goufen et der esou vill, ewéi bal nach ni virdru bannent engem Dag. Wat e Liwwerant verdéngt, hänkt staark dovun of, wéini a wou hie liwwert, seng aktiv Liwwerzäit soll een net verwiesselen mat der Zäit, déi hien online ass. Mir wëlle konstruktiv bleiwen an engem faktebaséierten Dialog, fir Leit ze protegéieren a flexibel ze bleiwen.“

Effektiv solle sech d’Gewerkschaften den 1. Juli mat enger Firma gesinn, déi vu Wolt fir deen Echange engagéiert ginn ass.

Méi Kontroll wär e wichtegen Ufank, ma well d‘Liwweranten de Gewerkschaften no eben net Independant sinn, missten si de Statut vum Salarié per Gesetz kréien, fuerderen OGBL an LCGB. Et steet ausser Fro, dass Lëtzebuerg d'EU-Direktiv iwwer d'Plattformaarbecht ëmsetzt, seet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz am Kontext vum Protest vun de Livreuren vun der Firma Wolt.

Back to Top
CIM LOGO