
Eng Patrull vun der Police gouf géint 2.15 Auer um Sonndeg Zeien, wéi eng Automobilistin en Accident op der Kräizung tëscht der Rue de Clausen, Montée de Clausen an der Rue de Neudorf produzéiert huet an dono weidergefuer ass. An der Allée Pierre de Mansfeld konnten d’Polizisten d’Fra, déi ze vill gedronk hat stoppen. De Permis gouf agezunn.
De CGDIS mellt dann nach en Accident um CR322 an der Géigend vun der Wuelesser Déckt, do gouf eng Persoun blesséiert. Beim Materialschued blouf et dogéint zu Walfer, wéi an der Rue de l’Église e Kamäin gebrannt huet.
D’Police mellt dann och nach Abréch, datt zu Diddeleng, Zéisseng, Mamer an um Cents.