Centre Commun de Cooperation policière et douanièrePoliceaarbecht iwwer d’Grenzen eraus

Monica Camposeo
Zanter 20 Joer gëtt et zu Lëtzebuerg deen eenzege Centre Commun de Cooperation policière et douanière an Europa, dee ganzer 4 Länner regroupéiert.
Policeaarbecht iwwer d’Grenzen eraus
Den Departement CCPD setzt sech aus de Policen aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Belsch a Frankräich zesummen.

Dësen Departement setzt sech aus de Policen aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Belsch a Frankräich zesummen. Zil ass et, Donnéeë séier ënnerteneen auszetauschen an d’Ermëttler op der Plaz domadder z’ënnerstëtzen. Déi Lëtzebuerger Unitéit gëtt vum Roland Weber koordinéiert. Bal 400.000 Dossieren huet de Service hei zu Lëtzebuerg bis ewell traitéiert. Dofir ass och eng Permanence en place. De Virdeel, dass d’Beamten aus de 4 Länner hei zesummesëtzen - an net just digital kommunizéieren - ass, dass d’Ufroe méi geziilt a méi séier kënne beäntwert ginn. Dacks schonn a puer Minutten, mee net ëmmer. Méi laang Fäll, zum Beispill am Beräich vun der organiséierter Kriminalitéit, kënne sech och iwwert eng länger Zäit strecken.

D’Donnéeë ginn dann un d’Ermëttler aus de jeeweilege Länner geschéckt. Wéi bei engem rezente Fall aus Däitschland, wéi d’Caroline Nicola, däitsch Coordinatrice am CCPD erkläert. D’Foto vun engem presuméierten Täter ass mat der Datebank aus Frankräich ofgeglach ginn an esou konnt d’Persoun ermëttelt ginn.

D’Ufroe wiere ganz villfälteg. Vu Leit mat auslänneschen Autosplacken, déi ouni Permis fueren, bis zu terroristeschen Organisatiounen. Mee all Land huet och eege Prioritéiten. Fir d’Belsch, esou den zoustännege Coordinateur Philippe Gobert, wier et den Drogenhandel ze bekämpfen.

Obwuel d’Unitéiten aus de 4 Länner hei zesummeschaffen, gehéiere si weiderhin zu der Police vum jeeweilege Land. Déi meescht Ufroe kritt Lëtzebuerg vu Frankräich, dat ass ëmgekéiert och de Fall. Allgemeng wier d’Zesummenaarbecht onbedéngt noutwenneg. Frankräich huet eng 10 esou Kooperatiouns-Zenter un de Grenzen, ma deen zu Lëtzebuerg wier besonnesch wichteg, seet de franséische Coordinateur Laurent Sadler, well hei direkt 4 Länner beienee sinn.

Mat der franséisch-Lëtzebuerger Kooperatioun huet et am Joer 2001 och ugefaangen, 20 Joer hier hu sech dann déi 4 Länner Däitschland, Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg zesummegedoen. 40 Beamte schaffen hei um Findel all Dag un Ermëttlungen, déi iwwer d’Landesgrenzen eraus ginn.

Back to Top
CIM LOGO