Garer QuartierPoliceasaz wéinst Kläpperei an der Stroossbuerger Strooss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend hate sech zwou Persounen am Garer Quartier an d'Hoer kritt. Ee vun hinne soll wärend dem Sträit e Messer erausgeholl hunn.

Wéi d’Police mellt, koum et en Dënschdeg géint 21 Auer zu enger Kläpperei tëscht zwou Persounen an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Ee vun deenen zwee soll dobäi e Messer aus der Täsch geholl hunn. Et gouf awer keng Persoun domat blesséiert.

Béid Sträitmécher konnte vun de Beamten op der Plaz ugetraff ginn a koume mat op de Policebüro.

Back to Top
CIM LOGO