Revirement beim HeescheverbuetPoliceminister ass fir méi strengt Gesetz, Kritik vun der Stater Oppositioun

Roy Grotz
Dat méi strengt Heescheverbuet an der Stad kënnt an zwar esou, wéi et de Stater Conseil ugangs vum Joer virgesinn hat.
Heescheverbuet: Kritik vun der Stater Oppositioun
De méi strenge Heescheverbuet an der Stad kënnt an zwar esou, wéi et de Stater Conseil ugangs vum Joer virgesinn hat.

Um Méindeg ass et also ee Revirement an deem kontrovers debattéierten Dossier.

Deemno huet den neien CSV-Policeminister Gloden eng Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding réckgängeg gemaach, sou datt d’Police opdrénglech Heescherten an Zukunft kann zu bestëmmte fixéierten Zäiten interpelléieren a froen, hir Plaz ze verloossen.

De Léon Gloden
De méi strenge Platzverweis an der Stad kënnt an zwar esou, wéi et de Stater Conseil ugangs vum Joer virgesinn hat.

D’Stater Gemeng wollt hiert Police-Reglement op dësem Punkt méi streng maachen, eppes, wat d’Ministesch Bofferding awer net acceptéiert hat.

Lo ass et de Minister Gloden, deen deemno op dee selwechte Wee wéi d’DP-CSV-Koalitioun um Knuedler geet, sou datt d’Heescheverbuet um Stater Territoire vun nächster Woch u ka spillen.

Wéi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Stater Gemengerot sot, wéilt een domat cibléiert géint Heescherte virgoen, déi an organiséierte Gruppen agéieren.

D’Lydie Polfer

Mat der Decisioun vum Policeminister Gloden, datt et zu engem méi strenge Platzverweis an Heescheverbuet an der Stad kënnt, ass et domat net méi néideg, datt d’Stater Gemeng juristesch géint e Refus vun der Ex-Ministesch Bofferding virgeet.

De Platzverweis soll och op nationalem Plang mat engem Projet de Loi, dee wuel am Januar op den Instanzewee geet, méi effektiv ginn.

Den neie Police- an Inneminister erkläert, firwat hien dës Decisioun geholl huet a wat se konkret bedeit:

De ganzen Interview vum Policeminister Léon Gloden

Vill Kritik vun der Stater Oppositioun

D’Stater Sozialisten hunn um Dënschdeg an der Mëttesstonn an engem Pressecommuniqué reagéiert a kritiséieren net nëmmen d’Finalitéit vun esou engem Verbuet, wat d’Bekämpfe vun den Aarmen amplaz d’Bekämpfe vun der Aarmut u sech viséiert, mä och de Fait, dass de Minister trotz de selwechte juristesche Begeebenheeten, dëst Verbuet approuvéiert, dat viru 7 Méint nach refuséiert gouf.

PDF: Pressecommuniqué vun de Stater Sozialisten (12.12.23)

Back to Top
CIM LOGO