Mouvement EcologiquePolitik soll an der Klimakris esouvill Courage weise wéi an der sanitärer Kris

RTL Lëtzebuerg
Et duerf een no der Corona-Kris net an ee “Business as usual” zeréckfalen, sou de Mouveco.

D’Wirtschaft dann nach méi ukuerbelen an domadder d’Acquisen, déi een an Ëmweltfroen erreecht huet, einfach iwwer Bord geheien.

Mouveco/Reportage Nadine Gautier

De Mouvement ecologique versicht an engem Dokument, dat en Enn der leschter Woch publizéiert huet, d’Politiker an d’Bierger z’incitéieren, sech genee esou staark a solidaresch an der Klimafro z’engagéieren, wéi se et och an der Coronakris am gaange sinn ze maachen.
“Zesummen d’Zukunft nei denken a gestalten! Wann net elo, wéini dann?”, esou d’Iwwerschrëft vun deem Dokument vum Mouveco. Et géif ee gesinn, datt déifgräifend Agrëff an d’Liewe vun de Bierger méiglech sinn, si gi jo grad an dësen Zäite geholl. D’Politik kann deemno wuel drastesch Mesuren mobiliséieren, déi d’Leit matdroen. Firwat dann net och am Kampf fir méi Klimaschutz a Biodiversitéit, wou ee kee Lockdown bréicht, fir eppes z’erreechen, esou d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique.

Et gëtt geschwat, geschwat, geschwat, et gëtt zerried an herno geschitt näischt. Natierlech wëlle mir net, datt d’Klima- a Biodiverstitéitskris mat esou drakonesche Moossnamen, wéi se bis elo vun uewen erof dekretéiert gi sinn, bekämpft gëtt, mee awer. Mir mierken jo awer, datt wann d’Politik decidéiert, eng gewëssen Akzeptanz bei der Bevëlkerung do ass, an datt se et kann.

Bis elo wier et awer esou, datt d’Politik sech ëmmer hannert der Erklärung verstoppt, datt “onbequem Decisiounen vun de Wieler a Wielerinnen géife ofgestrooft ginn”. Datt deem net onbedéngt esou wier, géif d’Gestioun vun der Coronakris weisen. An der Coronakris géif och op d’Wëssenschaft an op d’Fakte gelauschtert ginn, firwat dann net am Klimaschutz.

Keckerweis, ass sech d’Wëssenschaft souguer an der Klima- an Biodiversitéitskris nach vill méi sécher, wat wäert geschéien, wa mer net reagéieren. Okay, do lauschtere mir nach net op d’Wëssenschaft. Mir hoffen datt dat geschitt.

D’Konsequenze vun der Coronakris sinn direkt ze spieren, et ass d’Gefill vun eppes Akutem. Beim Klimachangement ass et ee schleichende Prozess, eppes, wat een elo nach net oder kaum ze spiere kritt, wat awer verheerend Auswierkungen an der Zukunft wäert hunn. Ma genee deen Ënnerscheed géif dozou féieren, datt de Kampf géint d’Klimakris net wierklech an d’Rulle kënnt.

Zanter Jore soe Wëssenschaftler, datt esou eppes wéi de Corona géif ausbriechen. Et ass elo bewisen, datt de Verloscht vun der Biodiversitéit esou Pandemien ënnerstëtzt. Fördert grad zu ervirhieft. Wa mir esou weider maachen, ass Corona net déi lescht Pandemie, déi esou ausgeléist ginn ass. Wa mir de Permafrost kréien, duerch Klimaverännerungen, och da wësse mir, datt mir mat Pandemien ze rechnen hunn.

De Mouvement ecologique warnt dann och virun engem Reboot, wou d’Acquisen, déi een bis elo an den Ëmweltfroen erreecht huet, iwwer Bord gehäit ginn.

Et ass eng Reaktioun heiansdo vun Industrien, déi net wëllen zukunftsorientéiert wëlle sinn. Mir wëssen, datt d’Automobilindustrie lo scho seet, si wéilt net déi CO2-Grenzwäerter anhalen, well si wéilt erëm de Marché ukuerbelen. An den USA sinn d’Ëmweltgesetzer ausser Kraaft gesat ginn.

Et wier elo un der Zäit, déi Valeuren, déi mir an der Coronakris geléiert hunn: Séier handelen, sech solidaresch weisen, och an Zukunft solle bäibehal ginn an och an de Kampf fir méi Klima- an Biodiversitéitsschutz sollen afléissen.

Back to Top
CIM LOGO