VIDEO-ReportagePolleplo am Februar, ass dat normal?

RTL Lëtzebuerg
Den Temperaturrekord fir de Mount Februar gouf e Mëttwoch geknackt.
Polleplo am Februar, ass dat normal?
Den Temperaturrekord fir de Mount Februar gouf e Mëttwoch geknackt.

19 Grad goufen e Mëttwoch nämlech um Findel gemooss, domat ass de Rekord vun 18,2 Grad aus dem Joer 1960 geknackt.

Dat suergt bei deenen enge fir Fréijoersgefiller, anerer sinn awer just dermat geplot. Well mam gudde Wieder aus de leschten Deeg koumen och déi éischt Pollen a verschidden Allergiker hunn dat scho richteg gutt ze spiere kritt.

Wéi eng Pollen dann do ënnerwee waren a wéi aussergewéinlech dat fir dës Joreszäit ass, hu mer bei der Pollestatioun a bei Betraffenen nogefrot.

Back to Top
CIM LOGO