Am LokalenPompjeeën hu wéinst Feier zu Stroossen nach emol mussen intervenéieren

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend gouf et e gréissere Brand, deen an der Nuecht op e Freideg géint 4 Auer nees ugaangen ass, mellt de CGDIS.
Incendie à Strassen
Incendie à Strassen

En Donneschdeg war de Brand um drëtte Stack ausgebrach, d’Flamen hunn aus de Fënstere vun der betraffener Wunneng geschloen.

Eng 50 Pompjeeë waren op der Plaz an d’Läschaarbechten hate bis an den Owend era gedauert.

Zwou Persounen koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

D’Pompjeeë vu Bartreng, Stroossen, Mamer an aus der Stad goufen op d’Plaz geruff.

Am Laf vum Donneschdeg huet et iwwerdeems 3 Mol uechter d’Land geknuppt. Géint 11.30 Auer ass en Auto op der N17B bei Bëttel a Richtung Furen an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Dikrech an Tandel versuergt.

Op der N10 vu Mäertert a Richtung Gréiwemaacher koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Hei goufen et dräi Blesséierter. Op der Plaz waren de CIS Gréiwemaacher-Mäertert an d’Rettungsdéngschter vu Jonglënster an Iechternach.

No engem Accident zu Keel an der Rue de Tétange géint 11.50 Auer huet d’Strooss misse gebotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO