
Wéi de CGDIS matdeelt gouf géint 7.45 e Feier um 5. Stack vum Haaptgebai gemellt. Op der Plaz wier et de Pompjeeë séier gelongen den Ursprong vum Feier an engem Wartesall ze lokaliséieren.
De Brand ass antëscht geläscht. Et wier kee blesséiert ginn. D’Personal vum Spidol, dat am Kontakt mam Damp war, gouf op der Plaz ënnersicht.
D’Patiente konnten och séier erëm an hir Zëmmer zeréck. Just déi vum Stack, op deem et gebrannt huet, musse sech wuel nach e bësse gedëllegen, heescht et vum CGDIS.